De Lëtzebuerger Aarbechtsmarché sicht verzweifelt no Main d'Oeuvre. Gläichzäiteg ginn d'Kompetenze vu ville Mënsche mat enger Beanträchtegung nach ëmmer net genuch gesinn. Wéi gesäit d'Realitéit fir déi Persounen aus? Wéi eng Barrièrë sti weider am Wee? A wéi vill Potenzial bleift ongenotzt?
Déi Froen hunn d'Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal an deene leschte Méint versicht ze beäntweren. D'Resultat ass e Podcast, deen d'Erausfuerderungen an d'Méiglechkeete beliicht, déi eng inklusiv Politik net nëmme fir déi Betraffen, mee och fir d’Gesellschaft an d’Wirtschaft opmaache kéint.
1cm, e Podcast vum Lëtzebuerger Journal. Vum 9. Oktober un. Abonnéier elo schonn de Podcast, fir keng Episod ze verpassen.
All content for 1 cm is the property of Lëtzebuerger Journal and is served directly from their servers
with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
De Lëtzebuerger Aarbechtsmarché sicht verzweifelt no Main d'Oeuvre. Gläichzäiteg ginn d'Kompetenze vu ville Mënsche mat enger Beanträchtegung nach ëmmer net genuch gesinn. Wéi gesäit d'Realitéit fir déi Persounen aus? Wéi eng Barrièrë sti weider am Wee? A wéi vill Potenzial bleift ongenotzt?
Déi Froen hunn d'Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal an deene leschte Méint versicht ze beäntweren. D'Resultat ass e Podcast, deen d'Erausfuerderungen an d'Méiglechkeete beliicht, déi eng inklusiv Politik net nëmme fir déi Betraffen, mee och fir d’Gesellschaft an d’Wirtschaft opmaache kéint.
1cm, e Podcast vum Lëtzebuerger Journal. Vum 9. Oktober un. Abonnéier elo schonn de Podcast, fir keng Episod ze verpassen.
Den Aarbechtsmaart un d'Besoine vu Leit mat enger Beanträchtegung unzepassen ass net ëmmer einfach. Dat, ënnert anerem, well net all Beanträchtegung siichtbar ass.
An dat ass guer net esou rar: Et gëtt geschat, datt 70 bis 80 Prozent vun de Beanträchtegungen net kierperlech siichtbar sinn. Mënschen, déi vun enger sougenannter Hidden Disability betraff sinn, sinn oft déi, déi am meeschte benodeelegt sinn, esou d'Christine Zimmer an den Andrea Di Ronco, béid vun Info-Handicap.
Dofir hu mir an dëser Episod mam Sonja Feil geschwat. Spéit an hirer berufflecher Karriär huet si hir Passioun fir Blummen entdeckt an hätt nach gäre vill Joren als Fleuristin geschafft. Leider erlaabt hir Beanträchtegung dat net. Doriwwer raus gëtt et och eng Iwwerraschung: Eis Animatrice vum Podcast, d'Joanne Theisen, ass autistesch an erzielt eis vun hirer Erfarung um éischten Aarbechtsmaart. An d'Jana Degrott schwätzt iwwer d'Hidden Disability Sunflower a wéi dëse Projet Lëtzebuerg zu enger besserer Plaz fir Leit mat enger onsiichtbarer Beanträchtegung wëll maachen.
D'Episod elo an einfacher Sprooch: https://journal.lu/de/1-cm-ep-3-inklusions-ateliers-einfacher-sprache
Zesummendigital vum Digitaliséierungsministère: https://zesummendigital.public.lu/fr.html
Chambre des Métiers, de Partner vum Handwierk: https://cdm.lu
Hidden Disabilities Sunflower: https://hdsunflower.com/lu
Info-Handicap: https://info-handicap.lu
1 cm