Eisen Alldag: sou banal an dach sou komplex! Mir, dat sinn d'Jil an de Gil, thematiséieren an analyséieren den Alldag vum 0815 Mënsch - an do kënnt schonn déi éischt Fro op: Firwat bezeechne mer iwwerhaapt eppes als 0815? A wat geschitt, wann d'Routine vun engem Gil op d'Kopp geheit gëtt, wann op eemol de Feiermelder uspréngt an de Steak aus der Fënster geheit gëtt? Dës a vill weider Storye ginn et geschwënn am neie Podcast Croque-monsieur! Setzt iech ma mat eis un den Iessdësch wann et heescht: Croque-monsieur, d'Snackpaus mat de liichtverdaulechen Themen - All zweeten Donneschden op eldo.lu.
All content for Croque-monsieur is the property of Jil Hamm & Gil Kasel, Eldoradio and is served directly from their servers
with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
Eisen Alldag: sou banal an dach sou komplex! Mir, dat sinn d'Jil an de Gil, thematiséieren an analyséieren den Alldag vum 0815 Mënsch - an do kënnt schonn déi éischt Fro op: Firwat bezeechne mer iwwerhaapt eppes als 0815? A wat geschitt, wann d'Routine vun engem Gil op d'Kopp geheit gëtt, wann op eemol de Feiermelder uspréngt an de Steak aus der Fënster geheit gëtt? Dës a vill weider Storye ginn et geschwënn am neie Podcast Croque-monsieur! Setzt iech ma mat eis un den Iessdësch wann et heescht: Croque-monsieur, d'Snackpaus mat de liichtverdaulechen Themen - All zweeten Donneschden op eldo.lu.
Mir schreiwen d'Joer 2024 a kucken op d'Evolutioun vu Reklammen, bei deene Frae fréier e Risiko agaange sinn, wann si net an der Kiche waren, an haut gefrot ginn, wa Risiken an Niewewierkungen optauchen. Natierlech komme mir awer och net dolaanscht, op Chrëschtdag zréck ze kucken, op 5 Deeg Reschter iesse bis Silvester an op Elteren déi net present ware, wou Gehier verdeelt gouf. Fir 2024 wëll dann eng Hallschent vum Croque-monsieur sech manner opreegen, déi aner sech selwer manner ënner Drock setzen, déi eng sicht nach eng Schwammchallenge an déi aner wäert e Marathon lafen. Och de Croque-monsieur gëtt revolutionéiert, soudass mir eis scho virbereede fir de Fall wou mir esou prominent ginn, dass mir Pseudonymmer brauchen. An domat: Alles Guddes am neie Joer!
Croque-monsieur