Vu Sëll an d'Stad a vu Schëffleng op Kiischpelt, d'Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal huelen dech mat op eng Rees duerch déi 102 Gemengen am Land. Mir besichen all Bezierk vum Grand-Duché a schwätzen do mat Awunner*innen a lokale Politiker*innen. D'Episode sinn an ënnerschiddleche Sproochen.
All content for De Gemengepodcast is the property of Lëtzebuerger Journal and is served directly from their servers
with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
Vu Sëll an d'Stad a vu Schëffleng op Kiischpelt, d'Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal huelen dech mat op eng Rees duerch déi 102 Gemengen am Land. Mir besichen all Bezierk vum Grand-Duché a schwätzen do mat Awunner*innen a lokale Politiker*innen. D'Episode sinn an ënnerschiddleche Sproochen.
Laang Zäit ënnert der Leedung vun der DP an der CSV, sinn 2005 mam Henri Kox als Schäffen an 2009 mat him als Buergermeeschter eng éischte Kéier déi gréng mat der CSV als Koalitiounspartner un d'Muecht komm. Bei de Gemengerotswalen 2017 hunn déi gréng zwee Sëtz verluer an den Henri Kox gouf Véiertgewielten. Säitdeem ass d'DP-CSV-Koalitioun zréck mam Jacques Sitz (DP) als Buergermeeschter. Ob hien déi Projeten, déi en an de leschte Joren ugestouss huet, wäert kënne finaliséieren, entscheeden um Walsonndeg d'Awunner*inne vu Réimech. Mir huelen dech mat an d'Jugendhaus, op d'Petanquespist, bei d'Geschäftsleit an an d'Gemeng, fir erauszefannen, wat d'Suergen an d'Wënsch vun de Leit zu Réimech fir déi ustoend Gemengewale sinn – a wéi eng Pläng d'Lokalpolitiker*inne fir d'Zukunft vun hirer Stad hunn.
Dëse Podcast gëtt dir gratis zur Verfügung gestallt. Wann s du eis Equipe ënnerstëtze wëlls, fir dass mir och an Zukunft Qualitéitsjournalismus kënnen ubidden, da maach elo hei däin Abo: https://journal.lu/de/products
De Gemengepodcast