Home
Categories
EXPLORE
True Crime
Comedy
Society & Culture
Business
Sports
TV & Film
Technology
About Us
Contact Us
Copyright
© 2024 PodJoint
00:00 / 00:00
Sign in

or

Don't have an account?
Sign up
Forgot password
https://is1-ssl.mzstatic.com/image/thumb/Podcasts116/v4/da/5c/b5/da5cb5bf-75e8-13b1-448e-fc8db079312b/mza_6687423830153611525.jpg/600x600bb.jpg
De Gemengepodcast
Lëtzebuerger Journal
10 episodes
9 months ago
Vu Sëll an d'Stad a vu Schëffleng op Kiischpelt, d'Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal huelen dech mat op eng Rees duerch déi 102 Gemengen am Land. Mir besichen all Bezierk vum Grand-Duché a schwätzen do mat Awunner*innen a lokale Politiker*innen. D'Episode sinn an ënnerschiddleche Sproochen.
Show more...
Society & Culture
News,
Politics
RSS
All content for De Gemengepodcast is the property of Lëtzebuerger Journal and is served directly from their servers with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
Vu Sëll an d'Stad a vu Schëffleng op Kiischpelt, d'Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal huelen dech mat op eng Rees duerch déi 102 Gemengen am Land. Mir besichen all Bezierk vum Grand-Duché a schwätzen do mat Awunner*innen a lokale Politiker*innen. D'Episode sinn an ënnerschiddleche Sproochen.
Show more...
Society & Culture
News,
Politics
https://images.podigee-cdn.net/0x,s7nn9alTHErdQdpa0805CBqecv3H1ETXPLG8-Of7NfUA=/https://main.podigee-cdn.net/uploads/u24247/49ef8d78-a2dc-47ad-ab38-b572efb86943.jpg
#4 Lëntgen
De Gemengepodcast
30 minutes
2 years ago
#4 Lëntgen
Lëntgen ass wuel dat perfekt Beispill vun enger Gemeng, déi lues awer sécher – zesumme mam ganze Land – wiisst. Seng ronn 3.400 Awunner*inne ginn net ganz duer, fir et "grouss" ze nennen, ma "ganz kleng" ass et och net méi sou wierklech – zumindest politesch. Dësen 11. Juni gëtt nämlech hei fir d'éischte Kéier am Proporzsystem gewielt. Fir vill Leit war den Henry Würth, deen 30 Joer un der Spëtzt vun der Gemeng stoung, eng Konstant. Ma mam Wiessel an de Proporzsystem huet hien decidéiert : Et geet him duer. Mir kucke mat him op e Liewe Lokalpolitik zeréck, ier mer mat senge potenziellen Nofollger schwätzen. Zwee vun hinne sinn hei bekannt Gesiichter : De Schäffe Louis Pinto vun den Engagéiert Bierger fir eng sozial Gemeng Lëntgen, ass an de leschte Walen ëm dräi Stemmen net selwer scho Buergermeeschter ginn. De Schäffe Jeannot Toisul geet fir d'DP – déi eenzeg Parteilëscht – mat an d'Course, ma ass ganz bewosst net Spëtzekandidat. An de Charles Margue vun Di Nei Ekipp kennen déi meescht wuel éischter aus der nationaler Politik, well en Deputéierte fir déi gréng ass. Wäert et hei esou roueg weider goe wéi d'Leit et gewinnt sinn? Oder ass et Zäit fir e Wiessel? An wat wënsche sech d'Leit iwwerhaapt hei am Zentrum vum Land, an enger Gemeng, déi lues a lues ëmmer méi zu engem Viruert vun der Stad gëtt? Dëse Podcast gëtt dir gratis zur Verfügung gestallt. Wann s du eis Equipe ënnerstëtze wëlls, fir dass mir och an Zukunft Qualitéitsjournalismus kënnen ubidden, da maach elo hei däin Abo: https://journal.lu/de/products