All content for E puer Wierder iwwer Wierder is the property of radio 100,7 and is served directly from their servers
with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
D'Lëtzebuerger Sprooch ënner d'Lupp geholl. An all Episod steet en neit Wuert am Fokus.
Dës Kéier geet et ëm d'Äerdbier an d'Fro, firwat dat Wuert verschidden Artikele kann hunn: “déi” an “dat“, a wa mir op eeler Sourcë kucken, och “deen“.
S: Bei eis am Studio ass d'Caroline Döhmer vun der Uni Lëtzebuerg. D'Caroline ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie an erzielt eis haut nees "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon.
S: Haut schwätze mer nees iwwer Uebst?
C: Genee! Mir ware scho bei der Päerdsbier a ganz léif, dass sech do och Nolauschterer bei mir gemellt haten a mer erzielt hunn, dass déi pickeg Äscht "Bréimen" heeschen an een anere sot, dass och u biologesche Glossären op Lëtzebuergesch geschafft gëtt mat intressante Sourcen! … an haut schwätze mer iwwer d'Äerdbier. Mer hate jo schonn driwwer geschwat, dass et fir d'Päerdsbier ënnerschiddlech Ausdréck gëtt, wéi zum Beispill Schwaarzbier oder och Brommbier, wat natierlech den däitsche "Brombeeren" noempfonnt ass a vrun allem vu jonke Leit benotzt gëtt. An haut si mer bei der Äerdbier.
S: Okay, mee bei Äerdbier, do sinn ech mer zimmlech sécher, wou et hierkënnt, et ass jo einfach eng Bier aus der Äerd oder no um Buedem, well se eeben do wiisst.
C: Jo, ganz genee, dat ass och guer net esou schwiereg. An haut hunn ech och manner eppes Etymologesches, mee vill méi eppes Grammatesches. An zwar, wann ech der elo hei meng Hand géif opmaachen an do wier elo esou, ech soen elo mol eng Kéier, esou eng rout Fruucht dran, wéi géifs de soen? Du géifs soen: Hues de ___ fir mech?
S: Ech mengen, ech géif soen: "Hues de eng Äerdbier fir mech?"
C: Ok, dat wier dann Äerdbier am Femininum: ENG Äerdbier.
S: War dat richteg?
C: Jo, kloer, alles gutt! Awer eng ganz Zäitchen war d'Äerdbier oder eng Äerdbier am feminine Gebrauch guer net am LOD dran.
S: Komesch, war dat dann fréier en anert Geschlecht?
C: Tatsächlech jo, well an der Zäit ass Äerdbier éischter am Neutrum benotzt ginn, also "frëscht Äerdbier", well domat de Sammelbegrëff gemengt war.
Dat heescht, wann s de sees, "et gëtt scho frëscht Äerdbier" oder "zeidegt Äerdbier", dann ass dat Neutrum, um T bei "frëscht" héiere mer, dass dat Neutrum ass. Dat ass dann éischter esou fir d'Gesamtheet vun den Äerdbiere vun engem Joer, déi grad zeideg sinn.
S: Wann dat de Sammelbegrëff ass, wéi sot een dann, wann een op eng eenzel Äerdbier wollt weisen?
C: Ma dann huet een en extra Wuert agefüügt, an zwar huet een da gesot "e Kär Äerdbier". Also gëss de mer emol "e Kär Äerdbier" oder "e Kär ass mer erofgefall". Kenns de deen Ausdrock?
S: _____
C: Ech hat dat éierlech gesot net kannt, mee et léiert ee jo ëmmer bäi! An ech muss soen, dat hunn ech eréischt a menger Zäit matkritt, wou ech beim LOD geschafft hunn. An do war et ganz léif, well d' Leit, déi zum Beispill Lëtzebuergesch geléiert hunn oder och Enseignante vum Lëtzebuergeschen, déi sech an de Coursë vill mam Basiswuertschatz auserneesetzen, déi hunn ëmmer gemengt, am LOD géif e Feeler stoen.
S: Do war "eng Äerdbier" also net dran?
C: Nee, an do hate vill Leit gefrot, firwat do kee Femininum steet, well et ass dach "eng Äerdbier"! Déi Uebst-Vokabel ass ganz typesch bei deene Saachen, déi een als éischt léiert. A virun e puer Joer ass dann net just den Neutrum-Gebrauch (frëscht Äerdbier), mee och de Femininum "eng Ärdbier" an den LOD zousätzlech opgeholl ginn. An am Femininum, do ass d'Äerdbier zielbar: zwou oder dräi Ärdbieren. Am Neutrum ass et net zielbar (frëscht Äerdbier), an et huet och kee Pluriel, well et eeben net zielbar ass.
A wann een am LOD elo bei d'Äerdbier kucke geet, da gëtt dat souguer an enger Infobox am Artikel ganz ënnen erkläert, wéini ee wat benotzt. Dat gëllt och fir déi aner Bieren, also Päerdsbier oder Hammbier!
S: Ëmmer Neutrum fir d'Äerdbier am Allgemengen a Femininum als eenzel Fruucht?
C: Jo, dat kanns de graff esou zesummefaassen. Woubäi de Femininum fir vill eeler Spriecher guer net als Optioun geholl gëtt, dat ass méi e modernt Phenomeen.
A pass op, fir et nach méi wäit ze dreiwen, am LWB, also am Dictionnaire aus den 1950er Joren, do steet souguer Äerdbier och nach als Maskulinum dran.
S: Also gëtt et fir Äerdbier all d'Genren?
C: Jo, woubäi Maskulinum, mengen ech, manner gebräichlech ass. Am LWB huet et geheescht, dass Maskulinum, also "den Äerdbier", fir déi eenzel Fruucht benotzt gouf, dat, wat mer haut mam Femininum maachen. Donieft fënnt een nach eng Rei regional Forme vun der Fruucht, déi hat ech elo am Klees sengem Buch vun 1994 fonnt: Erpelen, Erperen oder einfach "déck Bier". Wéi gesot, dat sinn elo klengraimeg Formen, also éischter lokal Varianten, déi ee vläit manner oft haut héiert. Do kënne mer awer och an de Variatiounsatlas vun der Uni kucken an do ass d'Form "Äerdbier" am gesamte Land verbreet, also do kënne mer vun der Haaptvariant schwätze bei 80%. An dann hu mer nach esou e bësse Richtung Veianen eng Form 'Ierper' an am Kanton Wolz hu mer dann nach d''Äerdbeer', hanne mat BEER.
S: Gëtt et net och en Äerdbierduerf zu Lëtzebuerg?
C: Du wäerts laachen, mee ech kommen aus deem Duerf, Steesel war laang Zäit bekannt fir seng Äerdbieren! Mee lo am Moment ass natierlech keng Saison.
S: Da waarde mer op d'Fréijoer! An elo soe mer merci, Caroline, a mer freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de eis nei Wierder fir WiWi matbréngs.
C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!
E puer Wierder iwwer Wierder
D'Lëtzebuerger Sprooch ënner d'Lupp geholl. An all Episod steet en neit Wuert am Fokus.