Home
Categories
EXPLORE
True Crime
Comedy
Society & Culture
Business
Sports
TV & Film
Technology
About Us
Contact Us
Copyright
© 2024 PodJoint
00:00 / 00:00
Sign in

or

Don't have an account?
Sign up
Forgot password
https://is1-ssl.mzstatic.com/image/thumb/Podcasts116/v4/47/7e/f3/477ef3b2-0c31-9f11-302f-3637200a33a5/mza_4952098310335271842.jpeg/600x600bb.jpg
IFEN INSPIRE PODCAST
IFEN
13 episodes
4 weeks ago
Entdeckt mam Podcast vum IFEN eng Panoplie un Inspiratiounen, Iddien a Praxisbeispiller aus der Edukatiounswelt. All Episod ass agedeelt an 3 thematesch Bléck: 1. Reportagen: Inspiréierend Geschichten aus eiser Bildungslandschaft : Mir besiche Schoulen, Formatiounen, Konferenzen a Foiren, féieren Interviewen an entdecken nei Léiermethoden, fir Iech praktesch Tipps fir Äer Praxis mat op de Wee ze ginn. 2. Expertenstëmmen: Am zweeten Deel gi mir Experten d’Wuert. Dat si souwuel Leit vum Terrain, wéi Formateuren oder Chercheure. Mat Hëllef vun Interviewen oder awer Zesummefaassunge vu méi laangen Diskussiounen, kritt Dir déif Ablécker an déi neisten Trends an Erkenntnisser am Bildungsberäich. 3. Wëssenschaftlech Perspektiven: Am leschten Block vun eisem Podcast kritt all Episod een aner Wëssenschaftler eng ”Carte blanche”. Hei hunn si d’Méiglechkeet mat eis ze deelen, wat d’Welt vun der Fuerschung aktuell beschäftegt a wéi een Impakt dës Erkenntnisser op déi alldeeglech Aarbecht kënnen hunn. Abonnéiert eisen Podcast a begleet eis op dëser spannender Rees duerch d’Welt vun der Educatioun.
Show more...
Education
RSS
All content for IFEN INSPIRE PODCAST is the property of IFEN and is served directly from their servers with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
Entdeckt mam Podcast vum IFEN eng Panoplie un Inspiratiounen, Iddien a Praxisbeispiller aus der Edukatiounswelt. All Episod ass agedeelt an 3 thematesch Bléck: 1. Reportagen: Inspiréierend Geschichten aus eiser Bildungslandschaft : Mir besiche Schoulen, Formatiounen, Konferenzen a Foiren, féieren Interviewen an entdecken nei Léiermethoden, fir Iech praktesch Tipps fir Äer Praxis mat op de Wee ze ginn. 2. Expertenstëmmen: Am zweeten Deel gi mir Experten d’Wuert. Dat si souwuel Leit vum Terrain, wéi Formateuren oder Chercheure. Mat Hëllef vun Interviewen oder awer Zesummefaassunge vu méi laangen Diskussiounen, kritt Dir déif Ablécker an déi neisten Trends an Erkenntnisser am Bildungsberäich. 3. Wëssenschaftlech Perspektiven: Am leschten Block vun eisem Podcast kritt all Episod een aner Wëssenschaftler eng ”Carte blanche”. Hei hunn si d’Méiglechkeet mat eis ze deelen, wat d’Welt vun der Fuerschung aktuell beschäftegt a wéi een Impakt dës Erkenntnisser op déi alldeeglech Aarbecht kënnen hunn. Abonnéiert eisen Podcast a begleet eis op dëser spannender Rees duerch d’Welt vun der Educatioun.
Show more...
Education
https://pbcdn1.podbean.com/imglogo/ep-logo/pbblog17619222/podcast_11_FB_1400x1400px.jpg
S2 EP 06: First Lego League Challenge - ITW man Philipp Karch zum Thema Kommunikation - CB Judith Senger
IFEN INSPIRE PODCAST
45 hours 22 minutes
6 months ago
S2 EP 06: First Lego League Challenge - ITW man Philipp Karch zum Thema Kommunikation - CB Judith Senger
An der 11. Episode vum IFEN Inspire Podcast erwaart Iech am Reportagendeel e Réckbléck op d’First Lego League Challenge 2025. Vu September bis Mee hu mer 2 vun de 66 Schoulklassen dei dëst Joer matgemaach hu begleet. Op der enger Säit d’Sophie Lieser aus der Schoul Wobrecken vun Esch, op der anerer Säit de Marc Ewerling, de Mike Kickert an de Charlie Thill aus der Schoul Lenkeschlei vun Diddeleng.   Am Interviewdeel proposéiere mer iech en Interview mam Philipp Karch, Kommunikatiounstrainer a Coach. Wat mëscht eng gutt Kommunikatioun tëscht dem Léierpersonal ënnerteneen an och mat den Elteren aus? Wat sinn "do’s" an "don’ts" wann et ëm de Schrëftverkéier geet? Wéi kann eng gutt Kommunikatioun hëllefe Konflikter ze vermeiden? Doriwwer geet et am zweeten Deel.   An der Carte blanche dréint sech dann alles ëm den Theater. D’Judith Senger, Schauspillerin, Regisseurin, Theaterpädagogin a Coach verréit ons firwat et hirer Meenung no wichteg ass, Theater sou vill wéi méiglech an de Schoulalldag ze integréieren.