Null-sechs-neun!! Babahaft! Hildegard! Berghain!
D'Britt an de Ricky si nees do, vläicht sinn et awer och d'Fräulein Knüppelkuh an de Ralph Wiggum – egal wéi ginn et haut nei Geschichte vum Schlësselroman ënnert de Lëtzebuerger Podcasts:
Mir gi bei d'Metzlersmeedercher, iesse Bulletten am Bus a riichten eng Petanquespist an der Stuff op.
D'Mme vu Losch, d'Mme Pieppieppiep an dat klengt Tendinite sinn och mat dobäi, genee esou wéi den éischte Gay-Crush an "Dolce & Gabbana" aus der Filmbranche.
Et geet ausserdeem em "Eggnog"-Fans (feat. Toni), eiser aller Buergermeeschter, Ofstëmme mat Riets a Rap-Doku-Pläng mam "Filmfong".
Gëtt et en neit "Girls"? Wien disst säin Ex zu Walz-Musik? A wie gëtt hei beim Sport gefilmt? Falls dir genuch Sëtzlieder op den Ouere gutt, gitt dir et elo gewuer.
All content for Paus. is the property of Jill & Yannick and is served directly from their servers
with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
Null-sechs-neun!! Babahaft! Hildegard! Berghain!
D'Britt an de Ricky si nees do, vläicht sinn et awer och d'Fräulein Knüppelkuh an de Ralph Wiggum – egal wéi ginn et haut nei Geschichte vum Schlësselroman ënnert de Lëtzebuerger Podcasts:
Mir gi bei d'Metzlersmeedercher, iesse Bulletten am Bus a riichten eng Petanquespist an der Stuff op.
D'Mme vu Losch, d'Mme Pieppieppiep an dat klengt Tendinite sinn och mat dobäi, genee esou wéi den éischte Gay-Crush an "Dolce & Gabbana" aus der Filmbranche.
Et geet ausserdeem em "Eggnog"-Fans (feat. Toni), eiser aller Buergermeeschter, Ofstëmme mat Riets a Rap-Doku-Pläng mam "Filmfong".
Gëtt et en neit "Girls"? Wien disst säin Ex zu Walz-Musik? A wie gëtt hei beim Sport gefilmt? Falls dir genuch Sëtzlieder op den Ouere gutt, gitt dir et elo gewuer.
D'fei Madämmchen aus der Staat an dee Mann, deen sech am Summer gären emol selwer invitéiert, kommen haut éierlech an transparent em den Eck: Trennungen an Dating-Opriff, de Roger Dahm op Reddit, schnéiwäiss Enttäuschungen a Späizattacken vu Schauspiller (mat Techno) si just e puer vun de Punkten um Ordre du jour.
Hairspray-Probleemer, sech fir Lëtzebuerg schummen, Macaron-Mafiabusiness, MAGA-Mausen an onneideg Sexzeenen – viirun heiklen Theme gëtt sech och an dëser Episod net gescheit.
Duercherneen a confused ewéi eh und je ginn sech nees wichteg Froe gestallt: Wiem vun eis gehéiert d'Éislek? Sollt den Harald Glööckler op d'Wallëscht? A ween der Däiwel ass d'Ruth?
Mir hu net just Relatioune mat Spuenien, Frae mat Schankebrëller an Halluzinatiounen an de Bierger, mee glowen och vu bannen a baussen! Eist Geheimnis? Boo-dhism (an en Touch probiotesch Bakterien).
Paus.