
Wat mécht ee wann ee säi Liewe laang op eppes hi geschafft huet an een da mierkt "dat ass et net"? Iwwer déi Erkenntnis an alles wat duerno kënnt schwätzen d'Cheryl an d'Laure mat der Sängerin Krick.
Wéi d'Laure hat d'Krick net ëmmer déi beschten Zäit an der Schoul, wéi d'Cheryl huet d'Krick deen Job opgi fir deen et esou laang geléiert huet a wéi déi Zwee zesummen ass d'Krick no um (oder wéi hatt seet: am) Waasser gebaut.
Maacht d'Nuesschnappecher prett, egal ob der vu Laache kräische musst oder vun der Welt déi engem heiansdo e bëssen ze vill ass, wéi de special guest vun dëser Episod seet: et ass ok.