
Wat bleift eigentlech vun eisen Neijoersvirsätz iwwreg, wann d’Joer bal eriwwer ass? An ass et normal, dass d’Liewen sech méi no enger Achterbunn wéi no engem Vision board ufillt?
An dëser Episod sëtzen d’Cheryl an d’Laure sech eng leschte Kéier fir dëst Joer zesummen a kucken zeréck op 2025: op déi grouss Ziler, déi kleng Erfolleger, d’Pläng, déi net ganz opgaange sinn – an op dat, wat se dobäi iwwer sech selwer geléiert hunn. Vun eegenen Erwaardunge bis zu der Erkenntnis, dass et heiansdo méi wéi ee Joer brauch, fir Virsätz ze realiséieren.
Eng éierlech Episod iwwer Hoffnung, Self-Confidence a firwat ee selwer aktiv muss ginn, wann ee Saache wëll änneren. An domat wënsche mir iech schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch – an denkt ëmmer drun: et ass ok wann d'Liewe #stillloading ass, mir sinn et och a freeën eis op d'nächst Joer mat iech!
Cheryl & Laure