De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen och schrecklech gären driwwer. Vun der Currywurst am Stadion bis zu taktesche Meeschterwierker am Lëtzebuerger wéi internationale Fussball, brénge si hir gedanklech Doppelpäss ënnert d'Leit. All Woch gëtt sech an der Buvette iwwert Aktuelles aus der Fussballwelt ënnerhalen.
All content for Buvette - De Fussballpodcast is the property of Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel and is served directly from their servers
with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen och schrecklech gären driwwer. Vun der Currywurst am Stadion bis zu taktesche Meeschterwierker am Lëtzebuerger wéi internationale Fussball, brénge si hir gedanklech Doppelpäss ënnert d'Leit. All Woch gëtt sech an der Buvette iwwert Aktuelles aus der Fussballwelt ënnerhalen.
Et war Lännermatchpaus a genee iwwert déi schwätzen d'Jonge vun der Buvette an der neitster Episod. Lëtzebuerg geet mat 0 Punkten aus dem Match, mee et gi genuch positiv Saachen, déi ee mathuele kann a mat deenen et och méiglech sollt si fir géint Malta ze gewannen. An der Éierepromotioun enttäuschen déi éischt 4 Ekippe net a genee sou wéineg och déi Beggener an déi Réimecher. Wat soss nach esou lass war, gëtt et an dëser Episod vum Podcast Buvette.
Coupe Weekend zu Lëtzebuerg an 11.11. zu Köln, wat gëtt et Schéineres? Rouspert gewënnt zu Monnerech mat enger motivéierter Buvette, Bissen klappt Diddeleng, dräi Ekippen aus der 2.Divisioun kommen an der Coupe FLF weider an den Dylan war zu Uespelt ënnerwee. Et ass nees vill geschitt a de ganzen Detail gëtt et wéi gewinnt ëmmer an der neitster Episod Buvette - Alaaf.
Et ass moies frei an de Ben an den Dylan huele beim Kaffi eng nei Episod op. Um Programm steet wéi ëmmer de Lëtzebuerger Fussball, mee dës Kéier awer och eng Rees Auswäerts op Düsseldorf, een Äishockeymatch vu Rosenheim an normal Kaffisgespréicher. Et gëtt driwwer geschwat wien an der BGL Ligue déi meeschte Kaarten huet, wou et geflaamt huet an nach villes méi wéi ëmmer an dëser Episod Buvette.
D'Jonge vun der Buffet sinn nees fir dech do! No zwou laange Woche Paus kucke mir nach eemol op de Lännermatch zu Sinsheim, schwätzen iwwer dem Dylan säi Comeback am Lëtzebuerger Fussball a kucke wat leschte Weekend alles esou an eise Lige lass war. Goler, giel Kaarten, Kläppereien an nach villes méi an dëser Episod vu Buvette.
Alt erëm ee Weekend mat Fussball zu Lëtzebuerg op deem et genuch z'erziele gëtt. Rouspert suergt fir déi éischt Victoire vum Racing, Déifferdeng verschenkt wichteg Punkten un Diddeleng a Nidderkuer gewënnt den Derby géint Käerjeng. Wat nach esou lass war, gëss du wéi gewinnt an dëser Episod Buvette gewuer.
32 Matcher an der Coupe de Luxembourg an e puer Iwwerraschunge ware mat dobäi. D'Jeunesse Esch muss an d'Eelefmeterschéissen, Käerch gewënnt sensationell mat véier roude Kaarten an nach vill weider spannend Geschichten si geschitt. Wat alles op eisen Terraine lass war, gëss du wéi gewinnt an dëser neier Episod vu Buvette gewuer.
Alt erëm Lëtzebuerger Fussball an alt erëm Goler iwwer Goler a schéin Aktiounen. Rouspert geet zu Bissen ënner, Käerjeng gewënnt den Toppmatch géint Péiteng, zu Monnerech gëtt et eng sensationell Réckpass, déi zu näischt féiert an et ass nach villes méi geschitt. Wat nach alles lass war, gëss du wéi gewinnt an der neitster Episod vu Buvette gewuer.
Lëtzebuerg verléiert seng zwee Matcher an dat leider trotz gudde Leeschtungen. Woran hat's gelegen? Wéi kann een sou Matcher an Zukunft op seng Säit zéien a wat ass géint Däitschland dran? Dat alles a nach villes méi an der neier Episod Buvette.
Mir si no enger klenger Tëschepaus nees fir dech do a kucken op dee leschte Spilldag am Lëtzebuerger Fussball. Rouspert gewënnt géint Nidderkuer a sprëtzt sech d'Victoire direkt an d'Blutt, wéi mir geléiert hunn. Déifferdeng huet einfach guer keng Loscht méi ze spillen, de Stade Municipal zu Dikrech gesäit aus wéi den ale Stadion vun Dresden an de Jeff Strasser ass vun elo un de Jeff National.
D'Buvette ass pünktlech fir déi nei Saison erëm fir dech do! Mir kucken an dëser Episod op d'Transferte vun der Summerpaus, Dribblinger an d'Resultater vum éischte Spilldag. Natierlech thematiséiere mir och d'Victoire vu Rouspert an hirer aktueller éischter Plaz an der Tabell.
Den 1. FC Kaiserslautern kennt fir ee Fanmatch op Biwer!! All d'Detailer, d'Infoen an déi wichtegst Insider gëss du an dëser Specialepisod vun der Buvette gewuer an dat och nach mat engem ganz spezielle Gaascht.
Et ass eriwwer! Zwar nach net fir jiddereen, mee awer fir déi meescht Ekippen hei am Land. D'Saison ass bis op d'Barragematcher ofgeschloss a wat et Interessantes iwwert déi lescht Woch an déi rezentste Saison ze beschwätze gëtt, gëss du an der neitster Episod vum Podcast Buvette gewuer.
Et ass déi lescht Woch Fussball bevir et an déi schéinste Woch vum Joer geet. De Ben an de Gilles blécken op déi wichtegst Saachen am Lëtzebuerger Fussball: BGl Ligue, Éierepromotioun, 1. Divisioun an an an… Alles an dëser Episod Buvette.
Nach zwee Weekender gi Matcher an der BGL Ligue gespillt, ier et dann an déi schéinste Woch vum Joer geet: wien do spillt bleift awer fierchterlech spannend. An der BGL Ligue stinn d'Ofsteiger fest, mee bei de Barragematcher kënnen nach genuch Ekippe spillen. Dat selwecht gëllt fir d'Éierepromotioun, an där Miersch elo och erëm um Opstig schnoffelt. Wien nach Chancen huet a wou den Zuch endgülteg fort ass, gëss du an dëser Episod Buvette gewuer.
Et ass Crunchtime am Fussball. Et schéngt wéi wann a Lëtzebuerg keen op europäeschem Niveau spille wëll, am Ofstig ass a bleift et bis zum leschte Spilldag spannend, d'Ofsteiger an d'Opsteiger sti fest an et ass trotz den Zoustänn am Lëtzebuerger Fussball méiglech, dass 1.800 Leit op een Terrain ginn. Wat nach alles esou lass war, gëss du wéi gewinnt an dëser Episode Buvette gewuer.
Et war erëm sou munches lass am Lëtzebuerger Fussballsland. Rouspert hëlt alt erëm 1 Punkt, verschidde Veräiner kréien d'UEFA-Lizens net, Mamer verléiert no laanger Zäit erëm ee Match, Spiller hunn nach de Neelchen an de Schung an d'Arbittere gi wéi verreckt rout Kaarten. Wat nach esou geschitt ass, gëss du wéi gewinnt an der neier Episod vum Podcast Buvette gewuer.
Lëntgen ass opgestigen, Déifferdeng ass Meeschter, zu Beggen ginn d´Eelefmeter ofgepaff, de Kevin Kerger rutscht wéi de Steven Gerrard a villes méi. Zu Lëtzebuerg ass de Weekend erëm vill geschitt a wat genee gëtt wéi ëmmer fir dech an der Buvette beschwat.
Et ass vill geschitt: Déifferdeng ass nach kee Meeschter a gëtt et vläit zu Rouspert, de Ben huet ee Gol geschoss, scho verdammt vill Matcher um Bockel an eng interessant Statistik op d'Bee gestallt. Wéi eng dat ass, wat extra am "RTL Goal" war an an an, wéi ëmmer an dëser Folleg Buvette.
De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen och schrecklech gären driwwer. Vun der Currywurst am Stadion bis zu taktesche Meeschterwierker am Lëtzebuerger wéi internationale Fussball, brénge si hir gedanklech Doppelpäss ënnert d'Leit. All Woch gëtt sech an der Buvette iwwert Aktuelles aus der Fussballwelt ënnerhalen.