Home
Categories
EXPLORE
True Crime
Comedy
Business
Society & Culture
History
Sports
Technology
About Us
Contact Us
Copyright
© 2024 PodJoint
00:00 / 00:00
Sign in

or

Don't have an account?
Sign up
Forgot password
https://is1-ssl.mzstatic.com/image/thumb/Podcasts211/v4/b0/ca/7e/b0ca7ea0-8f93-6959-a7de-70c53ae5158b/mza_15254453174057157404.jpg/600x600bb.jpg
Coachseet
Maggy an Anne
11 episodes
8 hours ago
Am Podcast “Coachseet” huelen d’Maggy an d’Anne Iech mat op hir Rees als Profibasketballspillerinnen. Si deelen net nëmmen hir schéinsten Erliefnisser um Terrain, mee schwätzen och éierlech iwwer hier Erausfuerderungen, déi si hu misse meeschteren. Zousätzlech diskutéieren si och iwwer den Basket am Allgemengen, d’Entwécklung vum Sport, mental Gesondheet, Training, a wat et heescht, als Fra am Profisport säin Deel bäizedroen.
Show more...
Basketball
Sports
RSS
All content for Coachseet is the property of Maggy an Anne and is served directly from their servers with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
Am Podcast “Coachseet” huelen d’Maggy an d’Anne Iech mat op hir Rees als Profibasketballspillerinnen. Si deelen net nëmmen hir schéinsten Erliefnisser um Terrain, mee schwätzen och éierlech iwwer hier Erausfuerderungen, déi si hu misse meeschteren. Zousätzlech diskutéieren si och iwwer den Basket am Allgemengen, d’Entwécklung vum Sport, mental Gesondheet, Training, a wat et heescht, als Fra am Profisport säin Deel bäizedroen.
Show more...
Basketball
Sports
Episodes (11/11)
Coachseet
Episode 11: En anert Joer hannert eis – 2026 virun eis

An dëser Episod schwätze mir kuerz iwwert dem Anne säi Match am Eurocup, ier mir zesummen e Réckbléck op eist Joer 2025 maachen. Wat ass gutt gaangen? Wat war méi schwéier? A wat hu mir doraus geléiert? Zum Schluss kucke mir no vir a schwätzen iwwert eis Ziler, Erwaardungen a Pläng fir 2026. Éierlech, reflektiv a mat enger Portioun Humor.



Show more...
3 weeks ago
49 minutes 5 seconds

Coachseet
Episode 10 - Déi legendär Episod déi souwisou keen lauschtert

An dëser Episode schwätze mir e bëssen iwwer Basket – jo, och wann eis Zuschauerzuelen éischter wéi eng Preseason-Statistik ausgesinn. Mir huelen eis selwer net ze sérieux a maachen e klenge Geck driwwer, dass mer net méi vill Leit hunn, déi eis nolauschteren… mee déi, déi do sinn, si wéi ëmmer déi Bescht!

Duerno dréine mir d’Blat ëm an tauchen an d’Chreschtdaagsstëmmung eran. Mir schwätzen iwwer eis eege Traditiounen, wéi mir d’Feierdeeg verbréngen, wat fir Ritualer fir eis wichteg sinn an natierlech iwwert dat wichtegst: Iessen, Famill a gutt Stëmmung.

Eng gemittlech Episod mat Humor, e bëssen Nostalgie an engem Touch Holiday Spirit – perfekt fir an d’Stëmmung ze kommen!

Show more...
1 month ago
42 minutes 22 seconds

Coachseet
Episode 9: Behind the Scenes - National Team Edition

An dëser Episode huele mir iech mat hannert d’Kulissen vun eiser Zäit mat der Nationalekipp. Mir schwätzen doriwwer, wéi eis “Fënster” ofgelaf ass – vun den intensiven Traininger bis bei déi méi roueg Momenter tëschendrun. Et geet natierlech och ëm déi vill witzeg Erfarungen, déi mir ënnerwee gemaach hunn: kleng Missverständnesser, spontan Improvisatiounen a Situatiounen, déi een einfach muss mat erliewt hunn, fir se ze gleewen.

En anere grousse Punkt an der Episode ass den Trainerwiessel. Mir kucken dorop zréck, wéi dat intern eriwwerkomm ass, wéi sech d’Dynamik verännert huet, an natierlech fale mir och e puer humorvoll Anekdoten iwwer eis Traineren – well ouni déi géif et jo guer kee richtege Behind-the-Scenes ginn.

Show more...
1 month ago
41 minutes 3 seconds

Coachseet
Episode 8: Wei wichteg ass d'Ënnerstetzung vun den Eltere wann een et weit packe well?

Am dësem Episod schwätzen mir éierlech a mat vill Häerz driwwer, wéi wichteg d’Ënnerstëtzung vun hirer Famill war op hirem Wee fir Profi-Basketballerinnen ze ginn. Vun de laangen Deeg an der Hal, iwwer emotional Héichten an Déiften, bis bei déi kleng Gesten, déi alles ausgemaach hunn – si deelen wéi Famill zesummenhalen, Motivatioun a Glawen un sech selwer zu engem richtege Erfollegsrezept ginn.

Show more...
2 months ago
42 minutes 6 seconds

Coachseet
Episode 7: EuroCup - Training, Matcher an déi laang Reesen

 An dëser Episode schwätze mir éierlech doriwwer, wéi et eis momentan geet - sportlech an och mental. Vun intensiven Trainingseenheeten bis zu spannende Matcher am EuroCup, huele mir Iech mat hannert d'Kulisse vum Profi-Basketball. Et geet ëm d'Erausfuerderungen vun de villen Deplacementer, déi vill Stonnen am Bus oder Fliger, a wéi mir probéiere, Energie, Motivatioun an Teamgeescht z'erhalen, och wann de Rhythmus haart ass.


Show more...
2 months ago
43 minutes 31 seconds

Coachseet
Episode 6: Zwee verschidden Weeër, een Zil: Profisportler

An dëser Episod huele mir iech mat op eis Reesen: d’Maggy, huet säi Wee iwwer d’Arméi fonnt, an d’Anne, hat d’Méiglechkeet, an Amerika op e College ze goen. Zwee verschidde Startpunkten, mee dat selwecht grousst Zil – Profisportler am Basket ze ginn. Mir deelen mat iech déi schéin Momenter, mee schwätzen och éierlech iwwert d’Erausfuerderungen a Risiken, déi dëse Wee mat sech bréngt.


Show more...
3 months ago
54 minutes 8 seconds

Coachseet
Episode 5: Mental Health am Fokus

An dëser Episode schwätze mir, iwwer d’Roll vun der mentaler Gesondheet am Sport. Zumols d' Maggy deelt seng eege Erfahrungen, wéi hat mat senger Verletzungen ëmgaange ass a wéi wichteg et ass, net nëmmen de Kierper, mee och de Kapp ze stäerken.

Mir diskutéieren, wéi mental Coaching hëllefe kann, erëm Vertrauen ze fannen, a wéi vill d'Ënnerstëtzung vum Team an der Famill bedeit. Zousätzlech schwätze mir driwwer, wéi mir Strategien entwéckelen, fir Stress a mentalen Drock ze meeschteren – an d’Wichtegkeet vum oppene Dialog, fir sech net eleng ze fillen.


Show more...
3 months ago
1 hour 51 seconds

Coachseet
Episode 4: Trainerwiessel bei der Fraenekipp - Wat bedeit dat fir eis?

An dëser Episode schwätze mir iwwert eis Preseason: wéi mir eis agelieft hunn, mat wat fir klengen a grousse Problemer mir konfrontéiert waren – vum Auto deen nach net prett war bis bei Saachen déi am Appartement gefeelt hunn. Donieft huele mir och d’Ännerungen an der FLBB ënnert d’Lupp, dorënner de wichtegen Trainerwiessel bei den Dammen.

Lauschter eran fir eis Insights a fir en éierleche Bléck hannert d’Kulissen vun der Fraenekipp!

Show more...
4 months ago
35 minutes 30 seconds

Coachseet
Episode 3: Pre-Season Talk & Erënnerungen un eis Saison zesummen zu Saarlouis

An eisem Gespréich erzielen mir, wéi mir eis dëse Summer fit gehalen hunn – bal all Dag an der Hal, bal keng richteg Paus, ëmmer um Ball bliwwen. Mir schwätzen doriwwer, wéi eng Ziler mir eis gesat hunn a wéi et elo erëm zréck an de Veräin geet. Donieft erënnere mir eis un d’Zäit, wou mir zesummen zu Saarlouis gespillt hunn – mat villen witzegen Momenter. A mir schwätzen och iwwer d’Erfarunge mam Coach am leschte Joer, wou mir net an der selwechter Equipe waren, mee alleng an eisem Veräin – wéi en drop reagéiert, wann am Training gelacht gëtt, an datt et heiansdo bal e bëssen ze seriö gëtt… mee mir fannen ëmmer eng Manéier, fir Humor an d’Spill ze bréngen.

Show more...
4 months ago
47 minutes 34 seconds

Coachseet
Episode 2: Wou geet den Basket zu Lëtzebuerg hin?

An dësem Episod hu mir mol serieux geschwat:

Wéi steet et ëm de Basket zu Lëtzebuerg?

Mir kucken op d’Entwécklung (oder de Manktem dovunner), schwätzen iwwert d’Struktur am Sport, d’Roll vu Vereiner – mee och iwwer eng Thema déi dacks ënner de Teppech gekéiert gëtt:

Wéi gesäit et mat der Mentalitéit an der Astellung vun de jonke Spillerinnen aus?

Show more...
5 months ago
39 minutes 42 seconds

Coachseet
Episode 1 : Wien si mir & firwat e Podcast?

An der éischter Episode stelle mir eis vir - Dir kritt en Abléck an eist sportlech Liewen, wéi mir iwwerhaapt op d’Iddi komm sinn, zesummen e Podcast ze starten, a wat dir an de nächsten Episode kënnt erwaarden.

Ob Dir selwer am Basket sidd oder einfach gäre méi hannert d’Kulisse vu passionéierte Sportler kuckt – dëst ass den Ufank vun eiser Rees.

Show more...
5 months ago
33 minutes 54 seconds

Coachseet
Am Podcast “Coachseet” huelen d’Maggy an d’Anne Iech mat op hir Rees als Profibasketballspillerinnen. Si deelen net nëmmen hir schéinsten Erliefnisser um Terrain, mee schwätzen och éierlech iwwer hier Erausfuerderungen, déi si hu misse meeschteren. Zousätzlech diskutéieren si och iwwer den Basket am Allgemengen, d’Entwécklung vum Sport, mental Gesondheet, Training, a wat et heescht, als Fra am Profisport säin Deel bäizedroen.