Et ass 1917 – kuerz virum Enn vum éischte Weltkrich.
D'Leit zu Lëtzebuerg ginn net anstänneg bezuelt an d'Iesse kënnt net méi op den Dësch. Uechter de Minett organiséieren d'Gewerkschaften ëmmer méi heefeg Streiker an Demonstratiounen.
Et sinn déi éischt vun enger ganzer Serie, déi d'Tëschekrichszäit prägen. Demonstratiounen, déi sou wuel vun Erfolleg wéi och vu Scheitere gezeechent waren.
Trotzdeem géif et haut zu Lëtzebuerg keng richteg Streikkultur ginn, erkläert de Guy Castegnaro, Affekot fir Aarbechtsrecht. D'Colette Kutten, déi sech an den 80er Joren am Mouvement de Libération des Femmes (MLF) engagéiert huet, an d'Gabrielle Antar, Matbegrënnerin vun "Déi Aner" a vum Waassermeloun-Kollektiv, erzielt, firwat et och haut nach wichteg ass, sech fir eppes anzesetzen.
D'Nora Back, Presidentin vun der Chambre des salariés, de Frederik Krier, Historiker vum OGBL, mee och de Robert Schneider, fréiere Journalist, schwätzen iwwert d'Evolutioun vun de Gewerkschaften an de Streiker an eisem Land.
De Michel Wurth vun ArcelorMittal Lëtzebuerg an de Jean-Claude Juncker ergänzen dëst mat hire Familljenerënnerungen vun der Stëmmung, déi zur Zäit vun der Stolkris geherrscht huet.
Net ze vergiessen: De Benoît Majerus, Fuerscher op der Uni Lëtzebuerg, erzielt, wéi aus engem Crash op der Bourse schonn 1929 d'Lëtzebuerger Finanzplaz gebuer gouf.
Merkur vun der Chambre de Commerce: https://merkur.lu/
Show more...