Schottland ass en Deel vu Groussbritannie mat eppes iwwer 5 Milliounen Awunner:innen an enger ganz eegener Geschicht an Traditiounen. D’Haaptstad ass Edinburgh an déi bevëlkerungsräichst Stad ass Glasgow. Hei fënnt och reegelméisseg ee vun de geschichtsträchtegste Fussballderby statt, den Old Firm. Duddelsäck, de Schotterack, Whisky an d’Monster vu Loch Ness si fest Bestanddeeler vun der schottescher Kultur. Iwwer dës Theeme schwätzt de Cédric Reichel mat der Anthea MacDonald, dem Daniel Kelly an dem Finlay Mason.
An der Landessprooch heescht Georgien Sakartvelo. Et huet Landesgrenze mat Armenien, Aserbaidschan, Russland an der Tierkei an huet Zougang zum Schwaarze Mier. 3,7 Millioune Mënsche wunnen an dësem Land an deem ee mat Lari bezilt. Scho virun 8.000 Joer gouf hei Wäin hiergestallt. Berüümt ass des Land och fir seng Kléischter, zum Beispill an der Kasbek Regioun oder zu Mzcheta an och fir de polyphone Chakrulo Gesang deen och immateriellt Kulturierwe vun der Unesco ass. Déi zwee Landesdeeler Abchasien a Südossetien sinn zënter 2008 de facto vu Russland besat. Iwwert all des Themen huet de Cédric Reichel mat dem Irakli Kasradze, der Nano Mamageishvili an der Mziko Bukhnikashvili geschwat.
Usbekistan ass en duebelt Banneland, also e Land ëmgi vun anere Länner ouni direkten Zougang zum Mier a grenzt u Kasachstan, Kirgisistan, Tadschikistan, Afghanistan an Turkmenistan. Mat iwwer 30 Milliounen Awunner:innen huet et déi gréisste Bevëlkerung an Zentralasien. Usbekistan ass bekannt wéinst senger laanger Geschicht als Deel vun der historescher Seidestrooss. Bekannt si virun allem déi al Medressen, Alstied a Moscheeën zu Samarkand, Khiva a Bukhara. Kulinaresch féiert kee Wee laanscht Plov, en traditionelle Räisplat. Dem Cédric Reichel seng Invitéë sinn: Mukhammaddyior Melikuziev, Jasurbek Ayupov, Goulnora Soultanova, Utkirbek Rustamov.
Schonn 301 no Christus huet dëst Land d'Chrëschtentum als Staatsrelioun ugeholl. De biblesche Bierg Ararat gëllt als Nationalsymbol an dësem Land, e läit awer an der Tierkei. Armenien huet eng laang Schachtraditioun an e puer vun de weltbeschte Schachspiller kommen aus dësem Land. Et liewe méi Armeenier am Ausland wéi am Land selwer an d’Diaspora huet e groussen Afloss op d’Land. Iwwer all dës Theemen huet de Cédric Reichel mat der Tatev Margaryan, der Liana Baghdasaryan an dem Seg Kirakossian geschwat.