De virtuose Klang vun der Gei ass eis duerch de groussen a klassesche Repertoire bekannt. Ob virun engem Orchester oder méi intim, bei der Kammermusek: D'Gei gëtt gäre ganz villsäiteg agesat. Wéi se an der Neier Musek klénge kann, dora gëtt d'Sandrine Cantoreggi en Abléck.
Musek
Jingle: John Adams - Lollapalooza (Interpreten: Tonhalle-Orchester Zürich & Paavo Järvi)
Kaija Saariaho - Nocturne for Solo Violin (Interpretin: Biliana Voutchkova)
Foto: Edouard Olszewski
De Pianist a Komponist Claude Kraus beschäftegt sech niewent sengen eegene Kompositioune vill mat Arrangementer. Dass dës net nëmmen Upassungen a Vereinfachunge musse sinn, mee och extrem kreativ kënne sinn, erzielt de Claude Kraus an dësem Episod. Wéi eng Roll spillen Arrangementer am Alldag vun engem Museker a wéi klengen se am Verglach zu den originale Versiounen?
Musek
Jingle: John Adams – Lollapalooza (Interpreten: Tonhalle-Orchester Zürich & Paavo Järvi)
Concerto BWV 1062, III. – J.S. Bach (Ton Koopmann & Bach-Collegium Stuttgart)
Le Nozze di Figaro, Voi, che sapete – W.A. Mozart / J. Went (Linos Ensemble)
Sonata Nr.16, KV 545 (arr. for 2 Pinaos) – W.A. Mozart/Grieg (Marthy Argerich & Piotr Anderszewski)
Les Amusemens – F. Couperin (Laurence Boulay)
Les Amusemens (arr. for orchestra) – F. Couperin / Thomas Adès (Chamber Orchestra of Europe)
Pictures at an exhibition, ballet of the chickens – M. Mussorgsky (Ivo Pogorelich)
Pictures at an exhibition, ballet of the chickens & Porte Kiev – M. Mussorgsky/Ravel (Luxembourg Philharmonic)
Country Breaks – Iain Farrington (Art Deco Trio)
An American in Paris – G. Gershwin (Nederlands Philharmonisch Orkest)
Déi lëtzebuergesch Komponistin Catherine Kontz schreift ëmmer erëm gäre Musek fir Kanner. Am Gespréich mam Pit Brosius erzielt si, wéi wichteg esou Concerte sinn a wéi eng Roll se am Alldag vun de Museker, Nolauschterer a Produzente spillen. Musek: John Adams – Lollapalooza (Interpreten: Tonhalle-Orchester Zürich & Paavo Järvi), Catherine Kontz – Polenta, Polenta, Polenta!; Soundwalk, Wou d’Uelzecht - Esch
D’Musek vun Haut begleet de Perkussionist Guy Frisch all Dag an dominéiert net nëmme säi Liewen als Museker mee och als Direkter vum Ensembel fir nei Musek United Instruments of Lucilin. Wéi et dozou koum a wat hien dodru faszinéiert, erzielt hien dem Pit Brosius. Musek: John Adams – Lollapalooza (Interpreten: Tonhalle-Orchester Zürich & Paavo Järvi), James Dillon – The Acrobat, extrait (Interpreten: United Instruments of Lucilin), Igor Stravinsky – Sacre du Printimps (London Symphony Orchestra, Simon Rattle)
Wéi ënnerriicht ee Kompositioun? Et géif drëms goen, déi Froen ze fannen, déi een nuets wakereg halen, an déi notzen, fir weider ze kommen. Bei dësem drëtten Episod gëtt de Komponist Marcel Reuter en Ableck a seng Approche, wéi hie senge Schülerinnen a Schüler am Conservatoire du Nord d’Komponéiere vermëttelt. Doriwwer eraus geet et och ëm seng Passioun fir d’Literatur an ëm d’Fro, wéi Gedichter seng Musek inspiréieren. Jingle: John Adams – Lollapalooza (Interpreten: Tonhalle-Orchester Zürich & Paavo Järvi), Marcel Reuter & Kammerata Luxembourg – Mezza Voce; No Hue of Atfernoon
An dësem Episod erzielt d’Pianistin Cathy Krier iwwer d’Normalitéit vun der Neier Musek an hirem Liewen. Schonn als Kand konnt si eng Passioun fir mei modern Kläng entwéckelen, an esou spillt dat Experimentellt fir si och haut nach eng wichteg Roll. Sech trauen Neies ze entdecken an auszeprobéieren, dat war och ee vun de Grondsteng vun der enker Zesummenaarbecht mat der Komponistin Catherine Kontz. Musek: John Adams – Lollapalooza (Interpreten: Tonhalle-Orchester Zürich & Paavo Järvi), Catherine Kontz – Murmuration; Like a Moth to the Light; Bookends I & II
Am éischten Episod trëfft sech de Pit Brosius mam lëtzebuergesche Komponist Camille Kerger. Seng Musek, mee och hien als Persoun faszinéiert de Public ëmmer erëm mat ganz vill Charme a Wëssen. Hien erzielt, wat hien alles begeeschtert a wéi ee seng Inspiratiounen a senger Musek héiere kann. Musek:John Adams – Lollapalooza (Interpreten: Tonhalle-Orchester Zürich & Paavo Järvi), Camille Kerger – Music for Three (Interpreten: A-Trio)