All content for Invité:e vum Dag is the property of radio 100,7 and is served directly from their servers
with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
Invitéen am Mëttelpunkt vun der Aktualitéit: Mir stellen hinnen déi Froen, déi Dir Iech och stellt. An haken no, wa mir keng Äntwert kréien.
Wéi eng Schwéierpunkte gëtt sech deen neie soziale Plaidoyer vun der FEDAS, dem Daachverband vun den Déngschtleeschter aus dem soziale Secteur? Mir froen de Raoul Schaaf, Member am Verwaltungsrot an designéierte Spriecher fir de Plaidoyer social.
Zanter engem Joer ass d'Journalistin Chefredaktesch vum Lëtzebuerger Wort. Eng Rei Artikelen a Meenungsbäiträg, déi d'Wort zanterhier publizéiert huet, hu fir Kontroverse gesuergt.
D'Lëtzebuerger Wirtschaft huet sech an der zweeter Hallschent vum Joer e wéineg erholl. Wat sinn d'Prognose fir 2026? Dat froe mir den Direkter vum Statec.
E Gespréich mat der Direktesch vun der Stëmm vun der Strooss iwwer Problemer a Suergen, déi d’Leit um Rand vun der Gesellschaft net just ronderëm Chrëschtdag bedrécken.
D'Oppositiounsparteie wäerten der Regierung hire Budget fir d'nächst Joer haut an der Chamber kritiséieren. Mir froen d'LSAP-Fraktiounscheffin, wat hir Partei anescht gemaach hätt.
D'Staatsbeamtegewerkschaft spuert net mat Kritik un der Regierung. Mee firwat ass d'CGFP esou onzefridde mat der aktueller Koalitioun? Mir froen hire President.
Mir froen den Deputéierte vun déi Lénk op seng Partei dovu profitéiert, datt d'Regierung an de leschte Méint vill wéinst hirer Sozialpolitik kritiséiert gouf.
Froen un den designéierten neien Aarbechtsminister: wéini hie gefrot gouf, wéi hien de Sozialdialog erëm beliewe wëllt a wat hien de Sozialpartner versprieche kann.
De Generalsekretär vum Collège médical iwwer d'Positioun vum Ordre vun den Dokteren, Zänndokteren, Apdikteren a Psychotherapeuten an der aktueller Diskussioun iwwer d'Santé
De President vum Comité National de Défense Sociale (CNDS) äntwert op d'Fro, ob d'Regierung mat hirem Aktiounsplang déi richteg Akzenter géint d'Aarmut setzt.