Home
Categories
EXPLORE
True Crime
Comedy
Society & Culture
History
Business
Sports
News
About Us
Contact Us
Copyright
© 2024 PodJoint
00:00 / 00:00
Sign in

or

Don't have an account?
Sign up
Forgot password
https://is1-ssl.mzstatic.com/image/thumb/Podcasts112/v4/9e/42/cc/9e42cc0c-ba18-12d2-68b6-328a4931c320/mza_10412818045826593188.png/600x600bb.jpg
Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
166 episodes
2 days ago
De Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper.
Show more...
Sexuality
Society & Culture,
Health & Fitness,
Relationships
RSS
All content for Méi wéi Sex is the property of Méi wéi Sex and is served directly from their servers with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
De Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper.
Show more...
Sexuality
Society & Culture,
Health & Fitness,
Relationships
Episodes (20/166)
Méi wéi Sex
#183: Jo, ech wëll – Gaascht op enger Hochzäit sinn
Iergendwann kënnt den Alter, wou een*t ëmmer méi dacks op Hochzäiten danzt – ob als „plus one“ oder mat eegener Aluedung. Dat ass vir vill vun eis mat gemëschte Gefiller verbonnen: Wat soll ech undoen, wéi wäert d‘Iesse sinn a wat soll ech da mat all deene Leit, déi ech vläicht guer net kennen, schwätzen? Zum Gléck hunn d‘Ella an de Joël an deene leschte Joren déi eng oder aner Hochzäit matgemaach an deelen elo hir Erfarunge mat iech. Si erziele vu last-minute-Outfits, vu Kommunikatiounsschwieregkeeten a vun der Angscht, ob ze ville Fotoen ze sinn. An der Rubrik erkläert Kelly, wat den Dual-Control System ass.
Show more...
2 days ago
52 minutes 25 seconds

Méi wéi Sex
#182: Abortion Care is Healthcare – An aner Grënn dëst Recht ze schützen
D’Recht op sécher an einfach zougänglesch Schwangerschaftsofbrech ass essenziell fir eng gläichberechtegt Gesellschaft wou jiddereen*t iwwert den eege Kierper entscheede kann. Déi Lëtzebuerger Gesetzeslag am dem Beräich gëllt als relativ liberal. Bis zur 12. Schwangerschaftswoch (oder och bis zur 14. Woch seit d’Regelbluddung ausgefall ass) kënne schwanger Leit aus egal wéiengem Grond eng Ofdreiwung duechféiere lossen. Allerdéngs hu mir um Beispill vun den USA gesinn, wéi séier sech dat ännere kann. Aus dësem politesche Klima eraus huet déi lëtzebuerger Partei, déi Lénk, de Prozess an d’Weër geleet fir d’Recht op Schwangerschaftsofbroch ofzesécheren, an an der Verfaassung zu verankeren. Dozou haten zu Lëtzebuerg vill Leit vill verschidde Meenungen. An dëser Episode tauschen Ella an d*e Robin sech aus iwwer den Diskurs de Lëtzebuerg säit leschtem Joer bewegt.  An der Rubrik erklärt d*e Robin wat eng Window of Tolerance ass. Quellen: Un droit à l’avortement dans la Constitution ? Les travaux parlementaires avancent - Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg Abtreibung in der Verfassung: Die Abgeordneten entscheiden sich für den Begriff „Freiheit“ - Luxemburger Wort Debatte um Abtreibung: Gérard Schockmel zieht Kritik auf sich - Reporter.lu La liberté de recourir à l'avortement sera inscrite dans la Constitution - Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg Geschichte - fraendag.lu Brochure d'Information: Interruption Volontaire de Grossesse (IVG) - sante.lu ABTREIBUNG: Von lebenslänglich zur Fristenregelung - woxx.lu Schwangerschaftabbruch in Luxemburg - CID Fraen an Gender Die Gesetzgebung in Luxemburg - CID Fraen an Gender Why Luxemburg wants to write the freedom to have an abortion into the constitution - Lëtzebuerger Journal Erwäänten Erfahrungsbericht aus dem Lëtzebuerger Journal: Wat mengs du? Iwwert d'Pësperen a volle Räim, een Temoignage - Lëtzebuerger Journal
Show more...
2 weeks ago
45 minutes 23 seconds

Méi wéi Sex
#181: Ausfloss, Anatomie an alles dotëschent – Meng Vulva an ech
Stell dir vir, du hues Ausfloss, an du mengs, du miss stierwen: Doduerch, datt et  vill Schummt an Tabue ronderëm d'Vulva gëtt, geschitt dat net wéinege Leit. Den Terme Vulva ass mëttlerweil deene meeschte Leit bekannt, mä iwwert d'Organ selwer ginn et nach ëmmer vill Mëssverständnisser. An dëser Episode schwätzen d'Ella an d*e Robin iwwert hir Bezéiung zu hirer Vulva. Si erziele vun der éischter Kéier, wou si hier Vulva am Spigel gesinn hunn, iwwert komesche Bezeechnungen an der Kandheet an iwwert Menstruatioun. Natierlech geet et awer och dorëms, wéi Masturbatioun a Sex sech op hir Bezéiung zu hirer Vulva ausgewierkt hunn. Opgepasst: An dëser Episod gëtt iwwer Erfarunge mat sexueller Gewalt an Trauma geschwat. Wann dës Themen dech belaaschten, iwwerlee dir, ob s du déi Episod vläicht mat enger Persoun zesumme lauschtere wëlls, dir eng Zesummefaassung gi wëlls loossen oder se einfach ganz skipps. An der Rubrik schwätzt d'Ella iwwert de nationalen Aktiounsplang (PAN) „LGBTIQ+“.
Show more...
1 month ago
49 minutes 5 seconds

Méi wéi Sex
#180: Léift geet duerch de Mo? – Iessgewunnechten
Liebe geht durch den Magen! Sou seet een*t zumindest ëmmer, a fir vill Mënschen ass Iessen en essentiellen Deel vun hirem Liewen an hirer Identitéit. Mee wéi äußern sech eis Iessgewunnechten a laange Bezéiungen, a wéi beaflossen déi Bezéiungen eis Gewunnechten? A kënnen Veganer*innen a Fleeschiesser*innen amfong eppes mateneen hunn? De Joël, den Elie a Robin diskutéieren dës an aner Froen an dëser Episod. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer AuDHD.
Show more...
1 month ago
48 minutes 5 seconds

Méi wéi Sex
#179: Hype, Tropes an (keen) Draachesex — Romantasy (Spicy Books #1)
Wat stëscht hannert dem aktuell esou populäre Buchgenre Romantasy? De Joël a Kelly schwätzen doriwwer wéi de Genre entstanen ass, wat e präägt a wat hier Erfarungen domat sinn. Si hunn nämlech de Selbsttest gemaach a „Fourth Wing“ gelies. Wéi hunn si d'Buch an seng Duerstellung vu romanteschen Bezéiungen an Sex fonnt? Lauschter eran a fann et eraus! Spoiler Altert: „Fourth Wing“ (an ganz ebëssen „Iron Flame“) vum Rebecca Yarros.
Show more...
1 month ago
1 hour 1 minute 23 seconds

Méi wéi Sex
#178: Bauchgefill vs Trauma? – Intuitioun
Eis Intuitioun ass den Detektiv vun eisem Kierper, a soll eis amfong sëcher halen andeems se eis eng éischt Aschätzung vu neie Situatiounen a Mënsche gëtt. Mee wéi wësse mäer amfong, wéi mäer eiser Intuitioun vertraue kënnen, grad wann mäer an eisem Liewen traumatesch Erfarunge gemaach hunn? Wéi wierken déi sech op eis Intuitioun aus? A kann een Trauma, posttraumatesch Belaaschtungen an Intuitioun wierklech auseneen halen? Den Elie, d'Ella an d*e Robin ginn an dëser Episod denen (a méi) Froë no an diskutéieren hir Erfarungen. An der Rubrik fänkt Kelly eng nei Serie iwwer dem Emily Nagoski säi rezent Buch "Come Together" un a schwätzt iwwer den Intro an dat éischt Kapitel.
Show more...
2 months ago
49 minutes 8 seconds

Méi wéi Sex
#177: Kënschtlech Gefiller a Biller – AI Chatbots an Deepfakes
Doduerch, datt Chatbots wéi „ChatGPT“ an anerer esou populär sinn, benotzen och ëmmer méi Mënschen se als Ersatz-Bezéiung. Verschiddener verléiwen sech esouguer an eng kënschtlech Intelligenz. Ausserdem ass et och méi einfach ginn, Biller ze generéieren, déi ausgesi wéi echt Leit, mä net vun hinne sinn, sougenannt Deepfakes. An dëser Episod schwätzen d'Ella an de Joël doriwwer, wéi si déi Trends bewäerten a wisou si net der Meenung sinn, datt et eng gutt Iddi ass, mat engem Chatbot ze flirten. Och d'Deepfakes an déi iwwergrëffeg Tendenzen, déi domadder verbonne sinn, huelen si auserneen. An der Rubrik erklärt d'Ella eis, wat eng bakteriell Vaginos ass.
Show more...
2 months ago
37 minutes 23 seconds

Méi wéi Sex
#176: Okee sinn an enger Welt, déi brennt – Gefiller zum Backlash
Kricher, Klimakris a wuessende Rietsextremismus – et ass guer net esou flott op dëser Welt, zumols als queer Persoun. Wann een*t dann nach politesch aktiv ass, kann dat séier zu enger grousser Belaaschtung ginn, wann een*t d'Gefill huet, datt sech alles an déi ganz falsch Richtung entwéckelt. D'Ella an d*e Robin schwätzen an dëser Episod doriwwer, wat fir Gefiller si mat dem sougenannte Backlash verbannen a wat hir Strategië sinn, fir domadder ëmzegoen. Natierlech diskutéieren si och doriwwer, wat dat alles fir Auswierkungen op hiert Sexliewen huet. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwert d'Spoon-Theory.
Show more...
3 months ago
42 minutes 14 seconds

Méi wéi Sex
#175: Omnomnom – Eating Out
De klengen Dessert, eng Minette oder einfach nëmmen d'Verb "lecken" – hannert deene Begrëffer verstoppt sech den Akt, dee scientifique och "Cunnilingus" gennant gëtt. Oralsex u Vulven an un Anusser gëtt am Engleschen och oft einfach "eating out" gennant: also eng Persoun "aus" iessen. Mee wat huet et amfong matt deene Sexualpraktiken u sech? Firwat hu mer amfomg dausend Begrëffer fir Oralsex um Penis mee net u Vulven an Anusser? Firwat fanne Leit et flott, fir aner Leit "z'iessen" oder "giess" ze ginn? A wéi kann een*t sech bei dene Sexualpraktiken uleeën? De Joël an d*e Robin ginn denen an anere Froen no a schwätzen iwwer hir Erfarungen mat Oralsex u Vulven an Anusser. D'Ella schwätzt an der Aktualitéitsrubrik iwwer déi geplangten Reform fir d'Recht op Ofdréiwung an d'Verfassung ze setzen.
Show more...
3 months ago
47 minutes 3 seconds

Méi wéi Sex
#174: Herzschmerz am Jugendzëmmer – Éischt Trennungen
E neie September, eng nei Méi Wéi Sex Staffel! A wat kéint besser sinn fir dës aacht Staffel ze feieren wéi iwwer eisem team hir éischt Trennungen ze schwätzen! Kelly, de Joël, den Elie, d*e Robin an d'Ella schwätzen vun hiren éischte Kéieren mamm Schluss maachen a Schluss gemaach ginn, a wat hinnen gehollef huet (oder och net) fir mat dene Situatioune besser ëm ze goen. An der Rubrik stellt Kelly Iech als leschten Deel vum Summer Book Club d'Buch Come As You Are vum Emily Nagoski vir.
Show more...
4 months ago
46 minutes 53 seconds

Méi wéi Sex
#173: Summer Book Club: Judith Butler – Who’s Afraid of Gender
Endlech Summer! An du sichs vläicht nach no engem Buch fir mat an d’Vakanz? Mir präsentéieren de ganze Summer iwwer an eisem Summer Book Club queer Bicher fir deng Vakanzenlecture! Dës Woch ass et um Ella, dat eis Who's Afraid of Gender vum Judith Butler virstellt. Et geet em sougenannten anti-gender Beweegungen, déi aktuell iwwerall op der Welt wuessen. Si attackéieren d'Rechter d’Fräiheeten, an d’Liewensweise vu Fraen, queeren an trans Mënschen an d*e Judith Butler erkläert eis wéi mir eis géint se wiere kënnen.  Infos zum Buch Judith Butler - Who's Afraid of Gender, publizéiert vum Allen Lane (Penguin) Verlag
Show more...
4 months ago
8 minutes 15 seconds

Méi wéi Sex
#172: Summer Book Club: Ocean Vuong – On Earth We’re Briefly Gorgeous
Endlech Summer! An du sichs vläicht nach no engem Buch fir mat an d’Vakanz? Mir präsentéieren de ganze Summer iwwer an eisem Summer Book Club queer Bicher fir deng Vakanzenlecture! Dës Woch ass et um Elie, deen eis dem Ocean Vuong sain Roman On Earth We're Briefly Gorgeous virstellt. Et geet ëm  dem Schrëftsteller  seng eege Geschicht, an deelweis d’Familljegeschicht als Aart vu fiktiver Autobiografie.  Et geet em Krichststrauma, Familljendrama, Identitéit, Schicksal, a Kultur. Infos zum Buch on-earth-were-briefly-gorgeous-by-ocean-vuong -publizéiert bei Penguin House
Show more...
5 months ago
8 minutes 40 seconds

Méi wéi Sex
#171: Summer Book Club: Renske Diks – Queens of Beirut
Endlech Summer! An du sichs vläicht nach no engem Buch fir mat an d'Vakanz? Mir präsentéieren de ganze Summer iwwer an eisem Summer Book Club queer Bicher fir deng Vakanzenlecture! Dës Woch ass et um Robin, deen eis dem Renske Diks hir Etüd Queens of Beirut virstellt. Et geet ëm d'Liewen an d'Existenzen vun Drag Queens an der lebanesescher Stad Beirut a wéi si mat den Traumata vu Kricher, Krisen a Queerphobie ëmginn. Infos zum Buch Renske Diks – Queens of Beirut, publizéiert bei Ezo Wolf
Show more...
5 months ago
9 minutes 58 seconds

Méi wéi Sex
#170: Summer Book Club: Gretchen Felker-Martin – Manhunt
Endlech Summer! An du sichs vläicht nach no engem Buch fir mat an d'Vakanz? Mir präsentéieren de ganze Summer iwwer an eisem Summer Book Club queer Bicher fir deng Vakanzenlecture! Dës Woch ass et um Joël, deen eis dem Gretchen Felker-Martin hire Roman Manhunt virstellt. Et geet ëm d'Iwwerliewen no der Gender-Apokalyps, wou all Mënschen mat engem gewëssen Testosteronspiggel zu Zombies goufen. Infos zum Buch Gretchen Felker-Martin – Manhunt, publizéiert bei Tor Nightfire
Show more...
6 months ago
6 minutes 52 seconds

Méi wéi Sex
#169: Manner ass Méi – Broschtverklengerung
Wéi leeft amfong eng Broschtverklengerung of? Firwat wéilt een*t déi Operatioun? A wat huet Genderidentitéit domat ze dinn? An dëser Episod schwätzen Robin a Lynn iwwer dem Lynn seng Broschtverklengerung a seng Erfarungen mat dem Prozess. An der Rubrik schwätzt d'Ella iwwer den Hymen.
Show more...
6 months ago
51 minutes 43 seconds

Méi wéi Sex
#168: Eng oder Dausend Nuechten? – One Night Stands
Wat ass amfong e One Night Stand? An ass et nach ee One Night Stand, wann een*t dono onerwaart rëm Sex mat däer Persoun huet? An dëser Episod diskutéieren de Joël, den Elie an d*e Robin dës Froen an erzielen vun hiren Erfarungen mat One Night Stands. Och schwätzen si driwwer, op e One Night Stand wierklech an enger Bezéiung ende kann an ob een*t dono nach befrëndt ka sinn. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Koppeltherapie. Shownotes: Iwwer d'Studie mat de Sexaarbechterinnen: Segal, L. (2001) The Belly of the Beast: Sex as Male Domination? In S.M. Whitehead & F.J. Barrett (Eds.) The Masculinities Reader (pp. 100-111). Polity Press. Eis Episod zum Thema "Friemgoen"
Show more...
7 months ago
42 minutes 44 seconds

Méi wéi Sex
167: Méi wéi rout Rousen – Wat si romantesch Gefiller?
Een Date bei Käerzeschäin, Rouseblieder um Bett – dat si Biller,déi deene meeschte vun eis an de Kapp kommen, wa mir d’Wuert„Romantik“ héieren. Mä wat ass dat am Fong, romanteschGefiller? An dëser Episod ginn d*e Robin a Kelly där Fro opd’Spuer an entdecken, datt dat guer net esou einfach ass, wéieen*t vläicht denke kéint. Si schwätzen iwwert den Ënnerscheedvu romanteschen zu frëndschaftleche Gefiller, iwwer Romantik alsgesellschaftlecht Konstrukt an doriwwer, wéi cute Gesten eng(romantesch) Bezéiung kënnen definéieren. An der Rubrik schwätzt d’Ella iwwert „Sex Wars“ aus den 1970er-Joren. Shownotes Episod 57 Ech wëll eppes vun dir – mä wat? Episod 121: The One – Gëtt et déi éiwegt Léift? Episod 126: Méi wéi just heiansdo Sex – Demisexualitéit Episod 157: Déi wichtegst Persoun a mengem Liewen? – Hierarchien tëschent Bezéiungen Rubrik zum Mythos Sex Drive Types of attraction Amatonormativiteit Questionable Origins of Love Languages Choosing Therapy zu romantic attraction Bicher: bell hooks: all about love Angela Chen: Ace
Show more...
7 months ago
53 minutes 59 seconds

Méi wéi Sex
#166 Däerf ech dech kussen? Konsensmodeller an hir Limitten
Konsens ass sexy, liest een*t op ville Plazen. Dat stëmmt, mä Konsens ass net ëmmer einfach. Sou ass den Ënnerscheed tëscht Nee heescht Nee a Jo heescht Jo vläicht op den éischte Bléck net immens grouss, mä d'Konsequenzuen dovunner si gewalteg. An dëser Episod schwätzen den Robin, d'Ella an den Elie iwwert verschidde Modeller, déi eent benotze kann, fir Konsens bei sexuellen Aktivitéite sécher ze stellen. Et geet net nëmmen dorëms, wat fir eng Philosophie déi verschidde Modeller hunn, mä och doriwwer, wat fir Nodeeler se kënnen hunn a wat een*t un hinne ka kritiséieren. An an der Rubrik erkläert eis den Elie, wat Autosexualitéit ass (Spoiler: et huet näischt mat Autoen ze dinn). Shownotes: Erklärungen zum Wheel of Consent Zine "Konsens lernen" (Learning Good Consent)
Show more...
8 months ago
45 minutes 23 seconds

Méi wéi Sex
#165: AI & Me – den Afloss vu kënschtlecher Intelligenz op eist Sexliewen
Sougenannt kënschtlech Intelligenz ass iwwerall, an de Hype ass risegrouss. Wäerte mir deemnächst Bezéiunge mat Chatbots féieren a Sex mat AI hunn? Oder wäerte mir eng Flut u Falschinformatiounen an der sexueller Bildung erliewen, déi vu grousse Sproochemodeller verbreet ginn, wärend Berodungsstelle mat richtege Mënschen hir finanziell Mëttele gestrach kréien? De Joël, Kelly an d'Ella diskutéieren iwwert Vir- an Nodeeler vu KI, erzielen iwwert hir Erfarunge beim Flirte mat ChatGPT a prognostizéieren zukünfteg AI-Geschäftsmodeller fir Datingapps. An der Rubrik erkläert d'Ella, wat et mat der Petitioun Nummer 3198 op sech huet. Shownotes: Dem Joël säin Essay iwwer AI: Der Computer bleibt dumm Nicola Döring et al.: The Impact of Artificial Intelligence on Human Sexuality: A Five-Year Literature Review 2020–2024 Nicola Döring: Jugendsexualität und Künstliche Intelligenz – Empfehlungen für die Sexual- und Medienpädagogik KI gegen Einsamkeit: Die Illusion von Gesellschaft
Show more...
8 months ago
53 minutes 26 seconds

Méi wéi Sex
#164: Fuck around and find out? – konstruktiv mat Regreten ëmgoen
Aus der Community huet eis eng Ufro erreecht, fir iwwer Regrets ze schwätzen: dat heescht, eng Erfarung dono ze beréien a sech ze wënschen, et hätt een*t dat net oder aanecht gemaach. De Joël, den Elie an d*e Robin schätzen an dëser Episod doriwwer, wat fir eng Regrets si hunn, firwat si sech op déi Erfarungen agelooss a se dono bereit hunn (oder och net): Och diskutéiere si, wéi et hinnen dono gaangen ass a wéi si domadder ëmgaange sinn. An der Rubrik erklärt den Elie d Pornotrends vum Joer 2024. Wann s du en Thema hues, vun deem s du mengs, dass et interessant wier wa mir dat beschwätzen, da schreiw eis iwwer Instagram, Facebook oder eng Email op sex@ara.lu.
Show more...
8 months ago
50 minutes 8 seconds

Méi wéi Sex
De Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper.