Home
Categories
EXPLORE
True Crime
Comedy
Business
Society & Culture
History
Sports
Technology
About Us
Contact Us
Copyright
© 2024 PodJoint
00:00 / 00:00
Sign in

or

Don't have an account?
Sign up
Forgot password
https://is1-ssl.mzstatic.com/image/thumb/Podcasts211/v4/d3/d7/c3/d3d7c303-8105-bb63-60f7-2225c81810e7/mza_4003647320768176463.jpg/600x600bb.jpg
Moiesstudio
radio 100,7
50 episodes
7 hours ago
Besser informéiert an den Dag
Show more...
News
RSS
All content for Moiesstudio is the property of radio 100,7 and is served directly from their servers with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
Besser informéiert an den Dag
Show more...
News
Episodes (20/50)
Moiesstudio
100,7 Soirée dëse Samschdeg am Gudde Wëllen
Op der Affiche: dasRADIAL, Sheebaba a Cleveland. An de Klang gëtt iwwerreecht. Den Entrée ass fräi, jiddereen ass wëllkomm. Den Yves Stephany gëtt dem Maurice Molitor Detailer iwwer d'Concerten.
Show more...
1 day ago
4 minutes

Moiesstudio
Michel Ries: Interview no der Annonce fir opzehalen
De Michel Ries zitt sech aus dem professionelle Vëlossport zeréck, nodeems seng Ekipp Arkéa-B&B-Hotels opgehal huet. Mir froen hien, wéi et him domat geet.
Show more...
1 day ago
5 minutes

Moiesstudio
Franséisch Alphabetiséierung a Schoulflicht bis 18: Dat ännert 2026
Et steet eng grouss Ännerung fir de Schoulsystem dëst Joer un. Nach kuerz virun der Chrëschtvakanz hat d'Chamber ënner anerem de Projet de loi gestëmmt, fir déi optional Alphabetiséierung op Franséisch. Dee sougenannte Projet Alpha hat fir ganz vill Diskussioune gesuergt. Déi eng maache sech Suergen zum Beispill ëm d'Méisproochegkeet, fir déi aner ass et ee wichtege Schrëtt fir d'Chancëgläichheet an der Schoul. An den 3. Dezember gouf de Projet de Loi dann ugeholl. D'Morgane Weidig huet sech en Iwwerbléck verschaf an e puer vun den Ännerunge gesammelt, déi dëst Joer op de Schoulsystem duerkommen.
Show more...
1 day ago
3 minutes

Moiesstudio
Wéi gutt hëlleft d'Grippenimpfung bei Kanner?
Mir froen de President vun der Lëtzebuerger Societéit vun de Kannerdokteren, den Dr. Serge Allard.
Show more...
1 day ago
3 minutes

Moiesstudio
Schwede preparéiert sech op déi russesch Gefor
Allerspéitstens zanter dem russeschen Ugrëff op d’Ukrain huet och fir de Rescht vun Europa d’Theema Sécherheet a Verteidegung nees absolut Prioritéit. Dat gëllt besonnesch fir déi Gebidder, déi no u Russland leien an eng Invasioun fäerten. Esou zum Beispill am baltesche Mier. Schweden ass zanter 2024 Member an der NATO an huet am leschte Joer säin Arméisbudget staark erhéicht. Wéi huet de Bäitrëtt d’NATO verännert a wéi plangt Schwede seng militäresch Zukunft? De Max Tholl huet zu Göteborg bei engem Expert nogefrot.
Show more...
1 day ago
4 minutes

Moiesstudio
ExpoCreativ
De Rendez-vous an der Luxexpo um Kierchbierg fir jiddereen, dee gäre selwer mat den Hänn schafft a bastelt.
Show more...
1 day ago
2 minutes

Moiesstudio
Christophe Hansen invitéiert fir Mercosur iwwer d'Zillinn ze bréngen
De Mercosur-Handelsaccord tëschent der EU a véier südamerikanesche Länner ass nach ëmmer net an dréchenen Dicher. A Frankräich zum Beispill ginn d’Bauere weider massiv op d’Strooss fir dogéint ze protestéieren. Mee och zu Lëtzebuerg ass d’Begeeschterung iwwer den Accord bei de Baueren net grad grouss. Et misst een d’Bedenke vun de Baueren eescht huelen, esou den EU-Agrar-Kommissär Christophe Hansen, deen d'Agrarministeren op eng Reunioun zu Bréissel invitéiert hat. Wat koum dobäi eraus? Explikatioune vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber
Show more...
2 days ago
7 minutes

Moiesstudio
Den Dram vun engem Nationalmusée iwwer d'Landwirtschaft
Am Norde vum Land steet zanter 30 Joer an enger onscheinbarer Hal e grousse Schatz un ale Maschinnen an Apparater drop ze waarden, datt dësen Dram Realitéit gëtt. Dee jonke Student Tom Poecker wëllt elo dofir suergen, datt de Projet Nationalmusée ëmgesat gëtt.
Show more...
2 days ago
12 minutes

Moiesstudio
Neijoerschreceptioun vun der Justiz
Vertrieder:inne vun der Justiz an déi zoustänneg Ministesch hunn no hannen an no vir gekuckt op der Neijoerschreceptioun an der Cité judiciaire.
Show more...
2 days ago
4 minutes

Moiesstudio
Wéi hu Venezuelaner zu Lëtzebuerg d'Ofsetzung vum Maduro erlieft?
Datt de venezuelanesche President Nicolás Maduro vun den USA entféiert gouf, huet international fir vill Reaktioune gesuergt. Mee wéi gesi Venezuelaner zu Lëtzebuerg d'Situatioun? De Jo Welfringer huet mat zwee vun hinne geschwat.
Show more...
2 days ago
4 minutes

Moiesstudio
Firwat ass Lëtzebuerg vum Schnéichaos verschount bliwwen?
Mir froen de Luca Mathias vu Meteolux.
Show more...
2 days ago
4 minutes

Moiesstudio
Wat ännert duerch déi geplangte Steierreform? De Gilles Roth am Interview
Firwat heescht déi nei Steierklass U? Wéi ginn d'Steierabattemente fir Kanner gerechent, wann d'Elteren net méi zesumme mee eenzel besteiert ginn? A wéi soll d'Steierverwaltung mat der méi grousser Unzuel un Dossieren eens ginn? De Finanzminister Gilles Roth erkläert seng Reformpläng ronderëm d'Aféierung vun enger eenzeger Steierklass.
Show more...
3 days ago
22 minutes

Moiesstudio
Noruff op de Robert Goebbels
Schengen oder nach d'Nordstrooss, de Robert Goebbels huet seng Zäit als Minister markéiert. De Jean-Claude Juncker, de Ben Fayot an de François Bausch hu säi Wëllen a säin Engagement als LSAP-Minister ervirgehuewen.
Show more...
3 days ago
5 minutes

Moiesstudio
Luc Frieden: Lëtzebuerg schéckt keng Zaldoten an d'Ukrain
Déi sougenannte Koalitioun vun de Wëllegen huet sech engagéiert der Ukrain Sécherheetsgarantien zoukommen ze loossen. Et ass net fir d’éischte Kéier, datt déi Decisioun geholl gouf - fir de Lëtzebuerger Premier huet een awer op der Reunioun vu gëschter “enorm” Fortschrëtter gemaach. Wou genee? An: Kann een den USA nach vertrauen? De Premier Luc Frieden huet gëschter an enger Online-Pressekonferenz op dës an aner Froe geäntwert.
Show more...
3 days ago
3 minutes

Moiesstudio
Zwei Herren am Strand
De Jeff Schinker iwwer d'Theaterstéck mat deem Titel, dat muer oder iwwermuer am Stater Kapuzinertheater um Programm steet.
Show more...
3 days ago
6 minutes

Moiesstudio
No der US-Interventioun a Venezuela
D'Reaktioun vum fréieren Ausseminister Jean Asselborn op dat, wat geschitt ass an eventuell nach kënnt.
Show more...
4 days ago
11 minutes

Moiesstudio
Wéini kritt Frankräich säi Budget fir 2026?
Mir froen eise Korrespondent Max Tholl, wéi d'Budgetsdiskussiounen am neie Joer viruginn.
Show more...
4 days ago
4 minutes

Moiesstudio
Biolandwirtschaft
Deen neie Bio-Aktiounsplang ass manner ambitéis wéi dee vu virdrun. Wat seet d'Vereenegung fir Biolandwirtschaft dozou? Froen un hir Direktesch Daniela Noesen
Show more...
4 days ago
7 minutes

Moiesstudio
Chamber: héich Reeskäschten
Wat rechtfertegt déi héich Käschte fir Reese vun Deputéierten (an offizieller Missioun)? Froen un de Chamberpresident Claude Wiseler
Show more...
4 days ago
9 minutes

Moiesstudio
Keng Reklamme fir Junk Food
A Groussbritannie sinn am neie Joer Reklamme fir Junk Food, also ongesond Iessen, just nach owes op der Tëlee erlaabt, an online dierfen se guer net méi gewise ginn. Dëst soll Iwwergewiicht bei Kanner verhënneren. An dat ass op der Insel ee grousse Problem.
Show more...
4 days ago
4 minutes

Moiesstudio
Besser informéiert an den Dag