Wéi gesäit d’Aarbecht hannert dem Numm Omega 90 aus?
An dëser éischter Episod vun Omega Talks schwätzt d'Yolanda mam Nicole Weis-Liefgen a mam Fabian Weiser, der Direktioun vun Omega 90. Si ginn eis en Abléck an d’Geschicht, d’Missioun an déi verschidden Offeren a Servicer vun eiser Associatioun.
Zesumme kucke mir, wéi d’Equipe schafft, wat eis Projeten esou eenzegaarteg mécht – a wéi mir als Organisatioun Mënsche begleeden, déi sech an enger schwéierer Liewenssituatioun befannen.
Lauschtert eran, léiert eis kennen, an entdeckt, wat Omega 90 ausmécht.
Intro: Aydio - Deltitnu
Show more...