Réckbléck op d'Joer 2025, vun Trump bis Trounwiessel kucken mir op eng Selektioun vun Events déi dëst Joer stattfonnt hunn.
00:00 Intro
03:35 Emperor returns
13:55 Social Media Post of the year
16:38 6-7
19:40 Club World Cup
24:45 Women run the EUROs
28:27 Habemus Papem
33:50 Charlie Kirk
38:25 Oscars
40:33 Neo Fact
44:00 Louvre Heist
49:55 Social Justice Demonstration
56:11 Mischo Demissioun
57:38 Trounwiessel
01:03:40 Outro
Zanter 2023 geet Lëtzebuerg méi tolerant mam Cannabis ëm. An dëser Episod schwätze mir iwwer déi aktuell Gesetzeslag, de leschte Rapport an d’Fro, ob eng komplett Legaliséierung Sënn mécht – a wat dogéint schwätzt. Donieft kucke mir och op d’Roll vum Alkohol an eiser Gesellschaft an op déi ënnerschiddlech Moosse mat deenen zwou Substanzen.
00:00 Intro + FIFA Peace Price
06:55 Frieden Freifall am Politmonitor
09:21 Wéi steet et ëm de Cannabis ?
28:56 Neo Fact
35:59 Alkohol duerch verschidden Generatiounen
47:19 Christmas Talk + Outro
PML Crew ass a Norwegen ënnerwee. Vun Bergen iwwer Oslo bis op Tromsø ginn mir Fjorden besichen, erliewen e Kälteschock no der Sauna, klammen bis bei den Nigardsbreen Gletscher, joen Northern Lights an ginn op Sich no Orcas.
00:00 Intro
5:42 Bergen
19:30 Flam
27:41 Nigardsbreen
37:50 Sauna am Fjord
49:32 Oslo
56:06 Tromsø
Homeoffice, Hybrid oder zeréck an d’Büro? An dëser Episod schwätze mir doriwwer, wéi d’Aarbechtswelt sech geännert huet – vu Flexibilitéit doheem bis zur Teamdynamik am Büro. Wat funktionéiert wierklech am Beschten?
00:00 Intro
04:15 Geschicht vum Homeoffice
20:44 Produktivitéit am Homeoffice
26:46 Ekosystem vun den Entreprisen
29:07 Responsabilitéit vum Individium
35:08 Neo Fact
40:09 Mentalen Impakt
52:20 Schlusswuert
An dëser Episod kucke mir méi genee op d’Diskussioun ronderëm d’Zoustand vun der fräier Meenungsäusserung haut. Vun de rezente Kontroverse ronderëm Charlie Kirk a Jimmy Kimmel bis bei d’Roll vu soziale Medien stelle mir d’Fro: Ass fräi Ried an Meenungsfräiheet nach ëmmer wierklech méiglech – oder steet se ënner Ugrëff? Mir schwätzen iwwer d’Risiken, déi mat dësem Recht verbonne sinn, ob de Staat et ouni Kompromëss garantéiere kann, a wéi déi politesch Polariséierung d’Grenze vum ëffentleche Gespréich beaflosst.
An dëser Episod gi mir der Fro no: Firwat gleewen d’Mënschen?Vum Urspronk vum Glawen an deenen éischte Kulturen, iwwer d’Reformatioun mam Luther an d’Opklärung, bis bei haut – wou Glawen net onbedéngt reliéis muss sinn, mee och Vertrauen an d’Demokratie, d’Léift oder de Fortschrëtt ka bedeiten. Mir kucken, wéi de Glawen Zivilisatioune geformt huet, wéi en och korrumpéiert gouf, a wéi d’Institutiounen, déi dorop opgebaut sinn, sech entwéckelt hunn.Am Kär bleift d’Fro: Net ob mir nach Glawen brauchen – mee wouran mir haut wëlle gleewen.
Fitness gëtt an eiser Gesellschaft ëmmer méi wichteg. Vill Léit, zumools Jonker, huele Gesondheet ëmmer méi eescht a Fitness Influencer ginn ëmmer méi viral. Och mir gi mam Trend. An dëser Episode gi mir virun allem op eis Triathlon Experienzen an. Vum Deepak dee mëttlerweil praktesch Semi-pro ënnerwee ass bis den Oli dee mat engem Vëlo aus dem 20ten Joerhonnert um Bierg hänke bleift. Donieft erkläert den Deepak firwat "Chameaux" dat bescht Spill op der Fouer ass an den Oli geet op Yacht Windowshopping. Plus mir stellen den éischten "Neo Fact" fir.
Mir blécken zréck op ee Joer Caritas Desaster um politesche wéi um ekonomesche Plang. Wien ass Schold a firwat wësse mir haut nach ëmmer net méi wéi virun engem Joer. Den Olivier mëscht eng Mafia Tour duerch Palermo a mir stellen den neien Trainer vun der FLF fir.
An der alleréischter Episod vu Pardon my Lëtzebuergesch schwätze den Olivier an den Deepak iwwer d' Reunioun vun Oasis zu Manchester, ginn op de viralen Moment rondrëm de CEO vun Astronomer an, a kucken op d’Feierkatastroph beim Tomorrowland. Zwëschenduerch gëtt et Chill-Vibes zu Zürich – a bei der Fraen-EM gëtt kloer: d’Zäit vu „Boy’s Only Football“ ass eriwwer.