Home
Categories
EXPLORE
True Crime
Comedy
Business
Society & Culture
History
Sports
Technology
About Us
Contact Us
Copyright
© 2024 PodJoint
00:00 / 00:00
Sign in

or

Don't have an account?
Sign up
Forgot password
https://is1-ssl.mzstatic.com/image/thumb/Podcasts122/v4/09/eb/18/09eb189d-8e8a-63c1-63ab-afccaa13bbc6/mza_5894618910582625750.jpg/600x600bb.jpg
Poterkëscht vum INLL
Poterkëscht
157 episodes
2 days ago
Den offizielle Podcast vum Institut national des langues Luxembourg. All Woch publizéiere mir nei interessant Episdoen, fir Lëtzebuergesch ze léieren.
Show more...
Language Learning
Education
RSS
All content for Poterkëscht vum INLL is the property of Poterkëscht and is served directly from their servers with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
Den offizielle Podcast vum Institut national des langues Luxembourg. All Woch publizéiere mir nei interessant Episdoen, fir Lëtzebuergesch ze léieren.
Show more...
Language Learning
Education
Episodes (20/157)
Poterkëscht vum INLL
Eng nei Sprooch léieren (A1)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun eis erzielt, datt si eng nei Sprooch léiert.

Vill Spaass beim Nolauschteren!

-

Transkript:

Eng nei Sprooch léieren (A1) 


A: Wat méchs du do? 

B: Ech maachen Exercicen. Ech léieren zënter e puer Méint Koreanesch am INLL. Ech hunn d’nächst Woch en Test an ech wëll nach e bëssen üben. 

A: Wow! Koreanesch! Ass et schwéier? 

B: Am Ufank war et e bësse schwéier, mee ech sinn immens motivéiert! Ech léieren immens vill! 

A: Firwat léiers du Koreanesch? 

B: Mäi Virsaz fir d’Joer 2025 war: eng nei Sprooch léieren. Zënter September kann een am INLL Koreanesch, Japanesch an Arabesch léieren. Ech kucken immens gär koreanesch Serien an ech wëll vläicht d’nächst oder d’iwwernächst Joer a Südkorea an d’Vakanz fléien. Da verstinn ech d’Sprooch an ech ka mat den Awunner schwätzen. 

A: Cool! Si vill Leit an dengem Cours? 

B: Mir sinn zu 17 an der Klass. 

A: A wien ass dat? 

B: Ech kenne just meng Bänknoperen a Bänknopeschen. D’Emma an d’Marta si Frëndinnen. Si si Lëtzebuergerinnen. D’Marta huet och nach déi portugisesch Nationalitéit. Seng Eltere kommen aus Portugal. D’Emma wunnt an der Stad, an der Millebaach an d’Marta wunnt um Belair. Si léiere Koreanesch, well si Fans vu K-Pop sinn. Si wëllen och a Südkorea reesen.  

A: Wat fir Sprooche schwätze si nach? 

B: Si schwätzen allen zwee Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, an Englesch. D’Marta schwätzt och nach Portugisesch an e bësse Spuenesch. 

A: Wat schaffe si? 

B: Si schaffen nach net, si studéieren op der Uni Lëtzebuerg. 

A: Ok. 

B: Lénks vu mir sëtzt meeschtens den Arnaud. Hien ass Fransous a kënnt vun Dijon. Hie wunnt säit dräi Joer zu Lëtzebuerg a schafft als Iwwersetzer op der EU-Kommissioun. Seng Fra ass Koreanerin. Si sinn zënter zwee Joer bestuet. Seng Fra ass schwanger an den Arnaud wëll seng Fra verstoen, wa si mam Bëbee Koreanesch schwätzt. Hie wëll awer Franséisch mat sengem Kand schwätzen.  

A: Mega!  

B: Heiansdo sëtzt d’Stéphanie nieft mir. Hatt ass och Lëtzebuergerin. Hatt wëll vläicht a Südkorea auswanderen. Hatt war schonn oft do an huet d’Land, d’Iessen an d’Kultur immens gär. 

A: Wat ass hatt vu Beruff? 

B: Hatt ass Architektin vu Beruff. 

A: Flott! Do huet hatt bestëmmt flott Méiglechkeete fir ze schaffen. Da kanns du hatt besichen! 

B: Genee! 
Da kennen ech nach d’Eva, de Lionel, de Maurice, d’Emilia, an d’Olivia e bëssen. Ech maachen heiansdo mat hinnen eng Gruppenaarbecht. Déi meescht an der Klass wëllen eng nei Sprooch léieren an interesséiere sech fir d’Land an d’Kultur. Et ass wierklech praktesch, dass een elo Koreanesch am INLL léiere kann. Vill Aarbechtskolleege léiere Lëtzebuergesch do. Heiansdo gesinn ech si um Gank oder mir fueren zesumme mam Tram vum Büro op de Glacis. 

A: Da kanns du jo mat hinnen en Tandem maachen! 

B: Jo an nee. Si kënne Lëtzebuergesch mat mir trainéieren, mee si schwätze leider kee Koreanesch. Et ass och nach ze fréi. Mäin Niveau ass nach net gutt genuch, fir eng richteg Konversatioun ze hunn. 

A: Ok. Du trainéiers dann am Cours. Ass de Cours flott? 

B: Jo! D’Stëmmung ass immens a jiddereen ass motivéiert! 

A: Dat freet mech! Elo hues du mech och motivéiert eng nei Sprooch ze léieren! 

B: Majo perfekt! Dat neit Semester fänkt am Februar un! Op der Internetsäit fënns du déi genee Datumer vun den Aschreiwungen! 

A: Merci! 

Show more...
3 days ago
4 minutes 56 seconds

Poterkëscht vum INLL
Imperativ: Op der Aarbecht & Am Stot (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Haut trainéiere mir den Imperativ. Fir d'éischt héiere mir, wéi zwee Aarbechtskolleegen zesummen eng Presentatioun virbereeden. Duerno héiere mir, wéi eng nei Botzhëllef erkläert kritt, wat se am Stot soll maachen.

Vill Spaass beim Nolauschteren!

-

Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ''access as guest''.

Show more...
5 days ago
6 minutes 23 seconds

Poterkëscht vum INLL
Sylvester zu London (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Haut héiere mir, wéi zwou Persoune Sylvester zu London feieren. Vill Spaass beim Nolauschteren!

-

Silvester zu London 

A: An? Hues de gutt geschlof? 

B: Jo, eigentlech schonn. Ech war gëschter Owend esou midd vun der Rees. Mee elo sinn ech voll do an ech kann et bal net gleewen, datt mir hei zu London sinn! 

A: Ech och net! Ech si ganz opgereegt fir haut. Mir mussen eisen Dag awer e bësse plangen. Wat wëlls du fir d’éischt maachen? 

B: Hmm, et wier flott, enzwousch gemittlech Kaffi drénken ze goen. Wat mengs du? Hei an der Géigend ginn et bestëmmt e puer flott Caféen wou een e gudde Kaffi an eng Mëtsch iesse kann. 

A: Jo, bestëmmt, mir si jo bal ganz am Zentrum. Duerno kënne mir bei d’Tower Bridge oder d’London Eye trëppelen. Ech géif gär e puer Fotoe maachen, éier et ze schwaarz vu Leit ass 

B: Gutt Iddi. Ech hu gekuckt, d’Sonn soll haut esouguer e bësse schéngen. Bal e Wonner, hei zu London! 

A: Haha, wierklech. An duerno… vläicht kënne mir laanscht d’Themse spadséiere goen. Ech hu gelies, datt do och e puer flott Pubs a Restaurante sinn. Vläicht kënne mir do eppes drénke goen oder zu Mëtteg iessen.  

B: Kléngt gutt. Mir sollten och esou lues iwwerleeën, wuer mir den Owend stoe wëlle, wa mir d’Freedefeier vun der Themse aus gesi wëllen. Et ass jo riesg, an ech hunn héieren, datt d’Leit scho fréi kommen. 

A: Du hues recht. Vläicht kënne mir am Nomëtteg kucke goen, wou et am beschte ass.  

B: Mir kënnen och Tickete kafen. Ech hunn iergendwou gelies, datt verschidde Beräicher ofgespaart sinn, an datt een do Tickete brauch. 

A: Ech mengen, et ass besser mir informéieren eis e bëssen am Internet oder mir froen an der Rezeptioun vum Hotel no. Mee komm, mir maachen eis geschwë prett a gi fort. Et ass schon néng Auer a gëschter hu mir just de Wee vum Flughafe bis bei den Hotel gesinn. 

B : Haha, jo. Mee, ech si wierklech frou, datt mir net doheem bliwwe sinn. Dat gëtt e flotten Dag. 

A: Op alle Fall. Also, nach eng Kéier: fir d’éischt gi mir Kaffi drénken, da bei d’London Eye, an duerno laanscht d’Themse trëppelen? 

B: Dat kéngt gutt. Vläicht ass jo och nach e bëssen Zäit, fir am Nomëtteg an e puer Butteker op der Oxford Street ze goen. 

A: Dat wier flott! Mee ech wëll och net de ganzen Dag ënnerwee sinn, an dann den Owend futti sinn. 

B: Mir kënne jo eng kleng Sieste maachen, wa mir erëm am Hotel sinn. Mir musse jo net fréi eraus den Owend. 

A: Dat stëmmt. Mir kënnen och den Owend méi spéit eppes iesse goen. Weess du, ob et hei typesch Tradioune fir Silvester gëtt? 

B: Gutt Fro… ech weess just, datt vill Leit an e Pub ginn an do zesumme prosten. Vläicht kënne mir och dat am Internet nokucken oder ee froen. 

A: Kléngt gutt. Da komm mir maachen eis elo endlech fäerdeg.  

Show more...
1 week ago
3 minutes 47 seconds

Poterkëscht vum INLL
Hellegowend doheem feieren (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Haut héiere mir, wéi zwou Persounen akafe ginn, fir Hellegowend virzebereeden. Duerno héiere mir, wéi si doheem preparéieren.

Vill Spaass beim Nolauschteren!

-

Akafen op Hellegowend 

A: O mei. Ech hätt net geduecht, datt haut op Hellegowend nach esou vill lass an de Butteker wier. Ech hat geduecht, haut géifen net méi esou vill Leit akafe goen. 

B: Jo, ech och. Mee mir brauchen nach e puer Saache fir d’Chrëschtdagsiessen. A fir d’Anna brauche mir och nach eppes Vegetaresches. 

A: Du hues Recht. Hatt ësst jo säit Neitstem kee Fleesch méi. Mir hu schon e puer Zaloten a Brout, mee dat geet jo net duer. Wat kënne mir fir hatt kachen? Vläicht e Gratin mat Geméis, oder eng Lasagne? 

B: Hmm, eng Lasagne dauert ze laang. Mir musse jo nach fir déi aner kachen, dekoréieren, den Dësch decken, an esou weider… Da léiwer e Gratin. Dofir brauche mir Gromperen, e bësse Geméis, Ram a Kéis. Hu mir nach alles doheem? 

A: Nee, ech mengen, mir hu just nach e Sak Gromperen. Waart, ech gi mol e bësse Geméis sichen, kanns du an de Rayon mat de Mëllechprodukter en Dëppche Ram an e Pak gerappte Kéis siche goen? 

B: Jo, ech gi kucken. Wat e Stress… Uff, ech hunn zum Gléck awer alles fonnt. Du och? 

A: Jo, e Broccoli an e Pak Champignonen. Dat misst goen. Sou, da brauche mir och nach e klenge Kaddo fir denger Schwëster hir Frëndin. Kuck, hei am Regal hu se e puer Kaddoen. Wéi wier et mat enger Käerz an enger Këscht Knippercher? Mengs de, dat geet duer? 

B: Jo, dat ass bestëmmt an der Rei. Sou, dann hätte mir elo alles, oder? 

A: Jo, ech denke schonn. Ech hoffen, d’Schlaang an der Keess ass elo net ze laang. 

B: Dat gleewen ech net. Mee wat soll ech soen, et ass Hellegowend. D’nächst Joer gi mir einfach en Dag éischter akafen. 

A: Haha, jo, wéi all Joer … 


Hellegowend virbereeden 

A: Sou, elo musse mir d’Haus nach fir den Owend raumen an e bëssen dekoréieren. 

B: Mat wat solle mir ufänken? 

A: Ech mengen, mir solle fir d’éischt d’Stuff raumen. 

B: Gutt Iddi. Ech raumen d’Zeitungen ewech a staubsaugen den Teppech. 

A: Ok. Ech botzen den Dësch eng Kéier of, leeën e schéint Dëschelduch drop a stellen e puer Käerzen drop. 

B: Mir mussen och nach de Chrëschtbeemche fäerdeg dekoréieren. 

A: Jo. Kanns du mir hëllefen, d’Liichtercher opzehänken? 

B: Natierlech, wou leie se? 

A: An der Kartongskëscht nieft dem Kannapee. 

B: A jo, hei si se. Soll ech och d’Bullen ophänken? 

A: Jo wannechgelift, ech sinn nach net ganz fäerdeg ginn. 

B: Brauche mir soss nach eppes fir den Owend? 

A: Jo, mir mussen den Dësch nach decken. Kanns du déi schéin Telleren an de Schaf siche goen? 

B: Jo, an ech bréngen och d’Glieser an d’Besteck. 

A: Merci! Ech falen d‘Zerwéiten. 

B: Sou, elo misste mer awer fäerdeg sinn. Et gesäit wierklech schéin aus! Dat eenzegt wat nach feelt ass eng schéi Chrëschtdagsplaylist. Ech sichen eis nach eng flott eraus.  

A: Gutt Iddi! Ech freeë mech op den Owend.  

B: Ech mech och. Dat gëtt bestëmmt gemittlech. 

Show more...
2 weeks ago
5 minutes 44 seconds

Poterkëscht vum INLL
Interview mat enger Dieticienne & Rezept Geméiszopp

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Haut hu mir eng Apprenante aus dem INLL bei eis am Studio, déi eis e bëssen iwwer hire Beruff als Ernärungsberoderin erzielt.

Duerno héiere mir e Rezept fir eng Geméiszopp.

Vill Spaass beim Nolauschteren!

-

Transkript Rezept Geméiszopp

A: Merci, dass du mir mat der Zopp hëllefs, da geet et méi séier. Mir musse vill Geméis schneiden.  

B: Gär geschitt! Wat fir eng Zopp kache mir? 

A: Mir kachen eng Geméiszopp. D’Rezept ass net schwéier an d’Zopp schmaacht immens gutt! 

B: Wat fir Ingredienten, also Zutate brauche mir? 

A: Mir brauchen Ënnen, Knuewelek, Gromperen, Muerten, Zelleri, Porretten a Geméisbritt. 

B: Ok. Wou sinn d’Saachen? 

A: D’Ënnen, de Knuewelek an d’Grompere sinn hei an ... hei. De Rescht ass am Frigo.  

B: Kanns du mir fir d’éischt den Oflaf erklären?  

A: Natierlech! Fir d’éischt wäsche mir d’Geméis. 

B: Alles?  

A: Jo. Alles ausser d’Ënnen an de Knuewelek. Duerno schiele mir d’Gromperen, d’Muerten, d’Ënnen an de Knuewelek. An da schneide mir d’Ënnen, de Knuewelek, den Zelleri an d’Porretten a Stécker. Wat wëlls du gär maachen? 

B: Ech kann de Knuewelek, d’Ënnen, d’Gromperen an d’Muerte schielen an alles a Stécker schneiden. 

A: Ok. Da schneiden ech den Zelleri an d’Porretten. Ech brauch dann nach e Schneidbriet, e Messer an e Geméisschieler(???). 

B: Wat maache mir duerno? 

A: Duerno brauche mir en Dëppen. 

B: En Dëppe mat Waasser? 

A: Net direkt. Fir d’éischt brode mir d’Ënnen an de Knuewelek mat Ueleg un. 

B: Firwat? 

A: Se kréie méi Goût an d’Zopp kritt méi Aroma. 

B: Ech verstinn. 

A: Duerno kommen d’Stécker Porrett an den Zelleri an d’Dëppen a mir réieren alles ëm. 
Da kommen nach d’Gromperen an d’Muerten dran, a mir fëllen d’Dëppe mat Waasser. 

B: Wéini kënnt de Geméisküb dran? 

A: Wann d’Waasser kacht. Ech hu kee Küb, ech hu Geméisbritt a Form vu Pudder an engem Glas. 

B: Ok. Wéi vill? 

A: Zwee Iessläffelen. Mir kënnen duerno nach salzen a wierzen. 

B: An dann? 

A: Da maache mir den Deckel op d’Dëppen a loossen d’Geméis fofzéng bis zwanzeg Minutte kachen. Wärenddeem kënne mir spullen, d’Kiche botzen an den Dësch decken. Heiansdo kontrolléiere mir d’Dëppen, well d’Waasser iwwerlafe kann. Häss du gär Brout derbäi? 

B: Jo, ganz gär! 

A: Ok. Ech schneiden e puer Tranchen. Wann d’Geméis fäerdeg ass, mixe mir et. Duerno schmaache mir, ob d’Zopp nach Salz oder Peffer brauch. An dann ass se scho fäerdeg! 

B: Mmm, ech freeë mech schonn drop! 

A: Wat wëlls du gär drénken? Ech hu platt Waasser, Spruddelwaasser, Orangëjus, Limonad, Béier a Wäin. 

B: Platt Waasser, wannechgelift. 

A: Ass Krunnewaasser ok? Eist Krunnewaasser schmaacht immens gutt. 

B: Gären! 

A: Tipptopp! Ech huelen eng Limonad. Ech stelle se schonn an de Frigo. 

B: Fänke mir un? 

A: Jo! 

Show more...
3 weeks ago
6 minutes 26 seconds

Poterkëscht vum INLL
Vir- an Nodeeler vum Onlineshopping (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer d'Vir- an Nodeeler vum Onlineshopping schwätzen. Vill Spaass beim Nolauschteren!

-

Transkript:

Pro/Contra Onlineshopping  

Samy: Hey, hues du schonn déi nei Deals gesinn? Online-shoppen ass einfach genial! Ee Klick geet duer an d’Saache si schonn ënnerwee. Besser geet et net! 

Lena: Ech weess net, Samy... Et ass praktesch, jo. Mee ech froe mech heiansdo, zu wéi engem Präis? Net nëmme finanziell, mee och par Rapport zur Ëmwelt, den Aarbechtskonditiounen, an der Qualitéit... Dat mécht mer éierlech gesot e bësse Suergen. 

Samy: Mee stell der vir: ech brauch net an d’Stad ze fueren, keng Parkplaz ze sichen an dann nach éiweg laang an der Keess ze stoen. A kuck d’Auswiel! Am Buttek fënns du 20 Artikelen – online 20.000. An hues du schonn d’Präisser gesinn? Virun zwee Deeg hunn ech eng Smartwatch fir 12 Euro kaaft. 12 Euro! 

Lena: 12 Euro? Dat kléngt ze gutt fir wouer ze sinn. A genee do läit de Problem. Wann et esou bëlleg ass, da muss iergendeen dofir bezuelen. Warscheinlech Leit, déi ënnerbezuelt a schlecht behandelt ginn oder a Fabricke schaffen, déi d’Normen net respektéieren. Du weess jo schonn, dass och ganz vill Kanner an esou Fabricke schaffen. 

Samy: Pff, du sees dat ëmmer esou dramatesch. Ech wëll jo just e gudden Deal maachen. A wann et mer net gefält, schécken ech et zeréck. Konsumenteschutz a Retourspolitik ass quasi ëmmer derbäi. Do muss ech mer net de Kapp zerbriechen. 

Lena: Jo, jo. Mee hues du der scho mol iwwerluecht, wat mat den Artikele geschitt, déi s du zeréckschécks? Vill dovu ginn net nach eng Kéier verkaaft. Déi ginn heiansdo einfach zerstéiert oder ewechgeheit. Dat sinn enorm vill Ressourcen, déi verschwennt ginn – Transport, Verpackung, Stock... Fir e Produit, deen s du 10 Minutten an der Hand has. Ech fannen dat wierklech net an der Rei! 

Samy: Ok, dat ass vläicht net ideal, mee trotzdeem... Ech ka Präisser vergläichen, Bewäertunge liesen a mech richteg gutt informéieren. Dat hätt ech an engem Buttek net. 

Lena: Dat stëmmt, d’Informatioun ass e Virdeel. Mee och do muss een oppassen. Vill “Bewäertungen” sinn heiansdo vum Verkeefer selwer geschriwwen oder verschidde Leit ginn dofir bezuelt. Du mengs, du méchs eng eegestänneg Entscheedung, mee a Wierklechkeet gëss du manipuléiert. 

Samy: Vläicht gëss du jo bezuelt, fir mir dat auszerieden. Ech kafen halt gär flott Saachen. An online fannen ech Saachen, déi et hei am Land nach guer net gëtt. 

Lena: Ech fannen dat guer net witzeg! Du liefs an enger Illusioun! Du mengs, datt s du fräi bass, mee du gëss vun de Soziale Medien an anere Leit beaflosst a keefs Saachen, déi s du am Endeffekt guer net brauchs. 

Samy: Hm, ech ginn zou, ech kafen heiansdo Saachen, déi ech net onbedéngt brauch. Mee ech wëll elo guer net weider diskutéieren, well ech gesinn, dass dech dat immens opreegt. 

Lena: Natierlech reegt mech dat op! Mee dem Problem aus dem Wee ze goen, ass och keng Léisung! Ech soe jo net, dass de komplett domat ophale solls, mee vläicht kanns du jo awer déi Saachen, déi s du hei am Land kriss eben an engem Buttek kafen an déi Saachen, déi s du onbedéngt brauchs an hei net fënns dann online kafen. 

Samy: Wann et dech frou mécht, da kann ech jo mol doriwwer nodenken, mee ech soen dir direkt, ech sinn net ganz iwwerzeegt. 

Lena: Dajee alt. 

Show more...
3 weeks ago
4 minutes 55 seconds

Poterkëscht vum INLL
Silvester am Ausland (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer verschidden Optiounen, Silvester am Ausland ze verbréngen, schwätzen.

Vill Spaass beim Nolauschteren!

-

Transkript:

Silvester am Ausland 

A: So, Julie, ech hunn dëst Joer wierklech keng Loscht, Silvester hei zu Lëtzebuerg ze verbréngen. Et ass all Joer dat selwecht: Raclette, Tëlee an e puer Knupperten. Ech géif gär emol eng Kéier eppes aneres maachen. 

B: Ech verstinn dech total! Et ass all Joer änlech. Wuer géifs du da gär reesen? 

A: Keng Anung, Mee ech géif gär e puer Deeg fortfueren. Vläicht an eng schéi Stad, wou vill Leit op der Strooss feieren. Hues du eng Iddi? 

B: Hmm… Also, eng bekannt Plaz, déi net esou wäit ewech ass, ass natierlech Berlin. Do gëtt et ëmmer eng grouss Party beim Brandenburger Tor. 

A: Stëmmt! Dat hunn ech schon op der Tëlee gesinn. Dat gesäit flott aus. Mee et ass bestëmmt voller Leit, oder? 

B: Jo, definitiv. Mee d’Ambiance ass super. Wann s du eppes Extraes wëlls, kanns du och op London goen. Do maachen d’Leit och e grousst Freedefeier bei der Themse. 

A: O, dat kléngt flott. Ech war nach ni zu London. Ech kéint och e Musical kucke goen oder duerch d’Stad spadséieren… 

B: Genee. A wann s du eppes ganz Spektakuläres wëlls, dann ass New York natierlech och eng Iwwerleeung wäert. Ech hunn den Times Square schonn e puer Mol op der Tëlee gesinn. De grousse Ball, deen eroffällt, an déi vill Leit… dat géif ech och gär eng Kéier live gesinn. 

A: Ech ka mer virstellen, datt dat beandrockend ass. Mee de Fliger fir op New York ass ëm d’Feierdeeg bestëmmt immens deier…  

B: Jo, leider, an d’Hoteller och. Dat muss ee fréi plangen. Mee vläicht wier Wien och nach eng Iddi? Do gëtt et e Silvesterpad mat Musek, Iessen an elauter klenge Stänn. 

A: Wien… dat kléngt elegant. Ech hunn al Gebaier a klassesch Musek immens gär. An op Wien kéint ech eventuell och mam Zuch fueren. 

B: Eng aner Optioun wier natierlech eng waarm Plaz, wéi zum Beispill Barcelona. A Spuenien iessen d’Leit um Mëtternuecht zwielef Drauwen. Dat soll Gléck bréngen. 

A: Ou, dat wousst ech net. Kléngt flott! A waarm, ech kéint wierklech e bësse Sonn gebrauchen… ech hu keng Loscht op Schnéi dëst Joer. 

B: Wann s du et gär ganz waarm hues, kanns du och op Dubai goen. Do gëtt et och e riisegt Freedefeier beim Burj Khalifa.  

A: Ech mengen, dat ass e bëssen ze deier fir mech. Ech mengen, ech bleiwe léiwer an Europa. 

B: Wéi s de gesäis ginn et jo vill Méiglechkeeten. Wat hues du léiwer? Party, Kultur, Sonn, oder einfach raus aus dem Alldag ? 

A : Ech mengen, ech wëll einfach eng schéi Stad gesinn, e bësse Party maachen, awer net ze vill Stress. Vläicht kucken ech mir London oder Wien méi genee un. 

B: Da waart awer net ze laang! Du bass elo scho relativ spéit un! 

A : Jo, dat maachen ech. A Merci nach emol fir deng vill Iddien. Elo freeën ech mech wierklech op Silvester. 

B : Gär ! A wann s du wëlls, kommen ech mat. Ech hunn dëst Joer och nach näischt vir. 

A: O, jo, dat wier super! 

Show more...
1 month ago
4 minutes 4 seconds

Poterkëscht vum INLL
Onzefridden am Restaurant & Kaffi drénken (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Haut héiere mir, wéi zwou Persounen am Restaurant iessen, awer net ganz zefridde sinn. Duerno héiere mir, wat dräi Persoune gär moies iessen.

Vill Spaass!

-

D'Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ,,access as guest''.

Show more...
1 month ago
6 minutes 46 seconds

Poterkëscht vum INLL
Dagesoflaf & Glatäis (A1-A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Haut héiere mir, wéi dräi Persounen iwwer hiren Alldag an der Woch schwätzen. Duerno héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer Glatäis schwätzen.

Vill Spaass beim Nolauschteren!

-

D'Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht keen Account, klickt einfach op ,,access as guest''.

Show more...
1 month ago
4 minutes 50 seconds

Poterkëscht vum INLL
En Trëppeltour duerch d'Stad & Um Floumaart (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Haut héiere mir fir d'éischt, wéi zwou Persounen en Trëppeltour duerch d'Stad plangen. Duerno héiere mir, wéi eng Persoun e puer Saachen op engem Floumaart kafe wëll.

Vill Spaass beim Nolauschteren!

-

Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op "Access as guest".

Show more...
1 month ago
5 minutes 51 seconds

Poterkëscht vum INLL
Kaddoe vum Kleeschen (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir iwwer Kleeserchersdag (de 6. Dezember).

Vill Spaass beim Nolauschteren!

-

Transkript:

A: Moien! Mir si vum Podcast Poterkëscht. Hutt Dir e Moment Zäit, fir op e puer Froen ze äntweren? 

B: Jo...? 

A: Hutt Dir Kanner? 

B: Jo, ech hunn dräi Kanner. 

A: De 6. Dezember ass jo Kleeserchersdag an d’Kanner stelle jo schonn e puer Owenter virdrun, de Schong. Maachen Är Kanner dat och.? 

B: Jo, natierlech. Si sinn ëmmer immens frou fir dat maachen ze kënnen a wa moies dann eppes Klenges am Schong dran ass, da si se ëmsou méi frou.   

A: Wësst Dir eigentlech wou dee Brauch hirkënnt?  

B: Nee. Ech hu mer déi Fro nach ni gestallt. Et ass awer eng gutt Fro.  

A: Ech soen Iech et. D’Erklärung dofir, kéinte mir am Mëttelalter fannen. Deemools hunn déi einfach Leit hir Schong virun der Kierch stoe gelooss, wa se an d’Mass gaange sinn. A wéi se dunn erauskomm sinn, hu se ganz heiansdo eng Mënz an hirem Schong erëmfonnt. Eng léif Persoun huet iwwert dëse Wee e klengen Don, un déi Leit gemaach, déi vläicht net esou vill haten.  

B: A sou? Dat do wosst ech net. Ech fannen dat awer ganz interessant. 

A: Gellt? Wat fannen Är Kanner dann esou moies an hirem Schong. 

B: Klengegkeeten, wéi zum Beispill e Stéck Schockela, eng Mandarinn oder e puer Stickeren. Keng grouss Kaddoen. 

A: A propos Kaddoen. Dir sot, dir hutt dräi Kanner. Wat wënsche sech Är Kanner vum Kleeschen? 

B: Ech hunn e Jong, de Fernando, hien ass 5 Joer al, mäi Meedchen, d’Sofia ass 3 Joer al an e Puppelchen, d’Elena, hatt ass 5 Méint al. De Fernando an d’Sofia sinn immens frou mat hirer klenger Schwësterchen, duerfir wënsche si sech allen zwee eng Popp, well si alles kopéiere wëllen, wat mir mam Elena maachen: de Bëbee undoen, e wäschen, asw. Duerfir kréie si dann och nach Kleeder fir hir Poppen, eng Wéi, e Buggy an eng kleng Bidden. 

A: Flott! 

B: Si kucken och gär Bicher, duerfir kréie si och nach e puer Bicher. 

A: Wat kritt d’Elena dann?  

B: Hatt kritt en Teddybier an zwee Bicher aus Stoft. 

A: Schéin! Wësst Dir, wat d’Kanner generell de Moment flott fannen? 

B: Hmm...dem Fernando säi beschte Frënd wënscht sech e Sprangschlass, mee ech mengen, dat ass awer net méiglech. (laacht) 

A: (laacht) 

B: Soss wënschen d’Kanner sech och nach Autoen, Camionen a Baggeren, Gesellschaftsspiller, Puzzelen, en Zuch aus Holz, hëlzen oder plastiks Bausteng, kleng a grouss Poppen, Kleeder fir sech ze verkleeden, e klenge Buttek oder eng Kichen mat all den Accessoiren, Jicken, Schaukelpäerd, e Sprangseel, Spillsaache fir am Sand ze spillen, e Poppentheater... D’Kanner fannen et ëmmer flott, wa se déi Erwuessen imitéiere kënnen. Duerfir kréien eis Kanner och nach Uebst a Geméis aus Holz, dat duerch Ritschratsch zesummenhält an dat se da mat engem hëlze Messer “schneide” kënnen. Si hu schonn eng Kichen, mat där se gär spillen. Dat passt gutt derbäi. Mir passe souwisou gär drop op, datt eis Kanner net ze vill Spillsaachen aus Plastik hunn a méi aus Holz. Se ginn net esou séier futti a sinn duerfir méi nohalteg. 

A: Interessant! Villmools Merci fir déi detailléiert Äntwert! 

B: Gär geschitt! 

A: Mir wënschen Iech an Ärer Famill e schéine Kleeserchersdag! 

B: Merci, dat gëtt bestëmmt rëm flott! 

B: Moment Madamm, wéi heescht scho méi Äre Podcast? Poterkëscht? 

A: Jo. 
B: Dat erënnert mech un dat Lidd, dat mäi Jong grad de ganzen Zäit séngt. Si léieren dat fir Kleeserchersdag an der Schoul. Et heescht: Am Uewe potert d’Feier. 

Show more...
1 month ago
6 minutes 54 seconds

Poterkëscht vum INLL
Eng Léier als Coiffeuse (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Haut héiere mir, wéi eng Persoun vun hirer Léier als Coiffeuse erzielt. Vill Spaass beim Nolauschteren!

-

Transkript:


Eng Léier als Coiffeuse maachen 

 

Marco: Moie Lucia! Ech hunn héieren, datt s du eng Léier als Coiffeuse méchs, stëmmt dat? 

Lucia: Jo genau, ech sinn am zweete Joer vu menger Léier. Et ass wierklech eng flott Aarbecht, och wa se heiansdo ustrengend ass. 

Marco: Interessant! Ech hu mech ëmmer gefrot, wat ee genee an där Léier léiert. Meng Schwëster ass och eventuell interesséiert. 

Lucia: Am Ufank léiere mir d’Grondlagen, zum Beispill wéi ee richteg d’Hoer wäscht, dréchent a kämmt. Dono kënnt d’Schneiden, d’Fierwen, d’Fönen an och d’Stylen. Mir hu souwuel Theorie wéi Praxis. An der Schoul léiere mir och e bëssen iwwer d’Hoerstruktur, d’Haut, Hygiène an d’Produkter, déi mir benotze sollen. 

Marco: A, also net just mat der Schéier ronderëm fuchtelen, mee och e bësse Wëssenschaft dobäi! 

Lucia: Genau! Vill Leit mengen, et wier just „Hoer schneiden“, mee et geet ëm vill méi. Zum Beispill muss een d’Form vum Gesiicht analyséieren, kucken, wat engem Client steet, an och e bësse Berodung maachen. 

Marco: A wéi laang dauert d’Léier eigentlech? 

Lucia: Normalerweis dräi Joer. No all Joer gëtt et eng Bewäertung an um Enn maache mir en Examen. Do musse mir e puer Modeller friséieren an och theoreetesch Froe beäntwerten. 

Marco: Dat kléngt no vill Praxis. Hues du vill Kontakt mat de Clienten? 

Lucia: Jo, déi ganz Zäit! Dat ass och eppes, wat ech besonnesch gären hunn. Et ass flott mat de Leit ze schwätzen, se laachen ze gesinn, wa se frou si mat hirer Frisur. Mee et kann och stresseg ginn, wann ee vill Clienten hannereneen huet oder wann een net all Wonsch genee treffe kann. 

Marco: Jo, ech stelle mer vir, jidderee wëll anescht ausgesinn an huet eng aner Meenung. Wéi geet een domat ëm? 

Lucia: Et brauch ee vill Gedold. Heiansdo muss een erklären, datt eppes net funktionéiert oder net gutt fir d’Hoer wier. Mee wann een d’Cliente respektvoll behandelt, da klappt et meeschtens gutt. 

Marco: A wéi gesäit dann en typeschen Dag bei dir aus? 

Lucia: Ech fänke moies géint aacht Auer un. Als Léiermeedche fänken ech dacks u mat Botzen, bereeden d’Plaze vir a kucken, datt d’Produiten all do sinn. Da kommen déi éischt Clienten: wäschen, schneiden, fierwen, fönen, asw. An tëschenduerch botze mir ëmmer erëm, maache Rendez-vousen aus oder verkafe Produiten. Ech kann dir soen, den Dag ass séier eriwwer! 

Marco: Dat kléngt no vill Aarbecht! Du stees jo awer och bal de ganzen Dag, ass dat net ustrengend? 

Lucia: Jo, mir sti bal de ganzen Dag. Dofir brauch een eng gutt Haltung an e bëssen Ausdauer. Mee, wann ee Freed un der Saach huet, geet et. 

Marco: A wat gefält der am Beschten un dengem Beruff? 

Lucia: Ech géif soen: d’Kreativitéit an de Kontakt mat de Leit. Et ass flott, wann een engem Mënsch e schéint Gefill ka ginn oder e bësse méi Selbstvertraue schenken. 

Marco: Dat ass schéi gesot! A kann ee sech duerno och weiderbilden? 

Lucia: Jo, sécher! Et kann een d’Meeschterprüfung maachen, selwer enseignéiere goen oder sech spezialiséieren – z. B. op Make-up, Perrécken oder Hochzäitsfrisuren. Verschiddener maachen och hire Salon op. 

Marco: Do kann een tatsächlech Villes maachen. Ech hunn elo vill méi Respekt fir de Beruff, et ass net esou einfach wéi et ausgesäit. 

Lucia: Dat ass wouer. Mee, wéi bei all Beruff, wann een et gär mécht, dann ass et net esou schwéier. 

Show more...
1 month ago
4 minutes 22 seconds

Poterkëscht vum INLL
Walfer Bicherdeeg a Bazar International (A2-B1)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Haut héiere mir, wéi eng Persoun vun hirem Weekend op de Walfer Bicherdeeg erzielt. Duerno héiere mir, wéi déi zwou Persounen e Rendez-vous fir op de Bazar International ausmaachen.

Vill Spaass beim Nolauschteren!

-

Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht keen Account, klickt einfach op ,,Access as guest''.

Show more...
1 month ago
5 minutes 25 seconds

Poterkëscht vum INLL
Eng nei Spillplaz am Quartier an e Rendez-vous ofsoen (B1)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer eng nei Spillplaz an hirem Quartier schwätzen. Duerno lauschtere mir eng Sproochnoriicht, an där eng Persoun enger anerer e Rendez-vous op der Spillplaz ofseet.

Vill Spaass beim Nolauschteren!

-

Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ,,access as guest''.

Show more...
1 month ago
5 minutes 37 seconds

Poterkëscht vum INLL
Noriichten a Contrôle Technique mam Auto (A2)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Haut héiere mir d'Noriichte vum Radio "Poterkëscht", an duerno lauschtere mir e Gespréich tëschent zwou Persounen, déi iwwer de Contrôle Technique mam Auto schwätzen.

Vill Spaass beim Nolauschteren!

-

Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (⁠klick⁠). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ,,access as guest''.

Show more...
1 month ago
6 minutes 11 seconds

Poterkëscht vum INLL
Lëscht fir e Bëbee a Babyshower (B1)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Haut héiere mir zwee Dialoger, an deenen et ëm Bëbeeën, also Puppelcher, geet. Am éischten Dialog héiere mir vun enger Persoun, déi erwaart, an am zweeten Dialog geet et ëm e Babyshower.

Vill Spaass beim Nolauschteren!

-

Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ,,access as guest''.

Show more...
2 months ago
8 minutes 6 seconds

Poterkëscht vum INLL
Allerhellegen zu Lëtzebuerg (A2-B1)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Am Episod vun haut schwätze mir iwwer d'Traditioun vun Allerhellegen zu Lëtzebuerg.

Vill Spaass beim Nolasuchteren!

-

Transkript:

Iwwer Allerhellege schwätzen 

A: Salut Anne-Marie! An, wéi war Allerhellege fir dech ? Ech hunn héieren, deng Bom ass dëse Summer gestuerwen. Mäi Bäileed. 

B: Merci. Jo, et war net einfach, mee mir haten awer e schéinen Dag mat der Famill. 

A: E schéinen Dag? (verwonnert) 

B: Jo, dat kléngt vläicht komesch... Mee looss mech dir erklären: Moies sinn ech kuerz mat mengem Papp an de Blummebuttek gaang, fir eng Coupe fir op d’Graf ze kafen. Nomëttes ware mir dunn um Kierfecht an d’Griewer goufe geseent. Wéi all Joer huet et natierlech gereent. 

A : Jo, dat ass bal ëmmer esou ! Ech hoffen, dir sidd net ze vill naass ginn. Waren da vill Leit um Kierfecht, bei deem Wieder ? 

B : Jo, nawell. Ech si mat mengem Mann a mengen Elteren zesumme gaang. Meng Tatta, also mengem Papp seng Schwëster, war och mat mengem Monni do. 

A: O, da wart dir jo zu e puer. A wat hutt dir duerno gemaach? 

B: Nom Kierfecht si mir fir Kaffi a Kuch bei meng Tatta a mäi Monni heem gefuer. Dat gehéiert och zu Allerhellegen dozou. Meng Tatta béckt eng immens Äppeltaart. An et ass ëmmer schéin, duerno nach e puer flott Momenter mat der Famill ze verbréngen, déi ee soss net esou oft gesäit. 

A: Ech verstinn. Bei eis an Däitschland ass dat och esou. Bei eis kënnt nach méi Famill zesummen, et ass wierklech wéi eng Familljefeier. Vill Leit soen ëmmer, Allerhellege wier en traueregen Dag, mee ech fannen, et ass och e wichtege Familljendag. Et denkt een un déi Verstuerwen, mee gläichzäiteg gesäit een och, wéi wichteg engem déi Famill ass, déi een nach huet.  

B: O, dat hues de elo schéi gesot. Mee et stëmmt. Fréier hunn ech Allerhellegen ëmmer e bëssen iwwerflësseg fonnt. Ech hu mir gesot, datt ech kee speziellen Dag brauch, fir un déi verstuerwe Familljememberen ze denken, ech maachen dat jo souwisou bal all Dag. Mee elo wou meng Bom net méi lieft, ass et awer schéi gewiescht, op deem Dag nach eng Kéier e puer Anekdoten ze deelen a sech einfach un déi schéi Momenter, déi mir all zesummen haten, z’erënneren. 

A: Ech hoffen, dat huet dir och gehollef, mat denger Trauer ëmzegoen. Et ass ni einfach, e Familljemember ze verléieren. 

B: Nee, dat ass wouer. Mee ech mengen, et gëtt och all Joer e bësse méi einfach. 

A: Jo, dat ass richteg. An et freet mech ze héieren, dass deen Dag méi positiv fir dech war an, dass de e puer schéi Momenter mat denger Famill has.  

Show more...
2 months ago
3 minutes 29 seconds

Poterkëscht vum INLL
Halloween-Special: Grujeleg Geschichten (B2-C1)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Fir Halloween schwätze mir haut iwwer e puer grujeleg Geschichten a Soen zu Lëtzebuerg.

Vill Spaass beim Nolauschteren!

-

Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht kee Kont, klickt einfach op ,,access as guest''.

Show more...
2 months ago
6 minutes 54 seconds

Poterkëscht vum INLL
Fräizäitpark & Jonggesell.inn.enabschid (B1)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Haut schwätze mir fir d'éischt iwwer Pläng, de Weekend an e Fräizäitpark ze goen. Duerno héiere mir, wéi eng Koppel iwwer hire Jonggesellen- respektiv Jonggesellinnenabschid schwätzen.

Vill Spaass beim Nolauschteren!

-

Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht keen Account, klickt einfach op ,,access as guest''.

Show more...
2 months ago
6 minutes 17 seconds

Poterkëscht vum INLL
Iwwer Benevolat schwätzen (B1)

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Haut schwätze mir iwwer eng (fiktiv) Benevolat-Associatioun.

Vill Spaass beim Nolauschteren!

-

Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick). Dir braucht keen Account, klickt einfach op ,,access as guest''.

Show more...
2 months ago
6 minutes 18 seconds

Poterkëscht vum INLL
Den offizielle Podcast vum Institut national des langues Luxembourg. All Woch publizéiere mir nei interessant Episdoen, fir Lëtzebuergesch ze léieren.