Home
Categories
EXPLORE
True Crime
Comedy
Society & Culture
Business
Sports
TV & Film
Technology
About Us
Contact Us
Copyright
© 2024 PodJoint
00:00 / 00:00
Sign in

or

Don't have an account?
Sign up
Forgot password
https://is1-ssl.mzstatic.com/image/thumb/Podcasts115/v4/bc/4d/d5/bc4dd5c8-8a34-b344-b462-0acff2b4029b/mza_18302550611327235012.jpg/600x600bb.jpg
TankenTrio
TankenTrio
53 episodes
2 weeks ago
TankenTrio de Podcast. An wat der Däiwel huet déi dräi geridden een Podcast ze starten? Ganz einfach: Aus enger Schnapsiddie ass schnell Realitéit ginn. Mir dräi beschäftegen eis mat Froen déi all jonken Erwuessenen sech stellt. Wat huet een bis elo scho alles erliewt an wat kennt nach alles op een duer? Mat engem Glas Wäin an gudder Stëmmung hunn mir eis als Aufgab gesat dës Froen an Gedankenweeër mat Humor an Eegenerfarung ze thematiséieren.
Show more...
Leisure
RSS
All content for TankenTrio is the property of TankenTrio and is served directly from their servers with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
TankenTrio de Podcast. An wat der Däiwel huet déi dräi geridden een Podcast ze starten? Ganz einfach: Aus enger Schnapsiddie ass schnell Realitéit ginn. Mir dräi beschäftegen eis mat Froen déi all jonken Erwuessenen sech stellt. Wat huet een bis elo scho alles erliewt an wat kennt nach alles op een duer? Mat engem Glas Wäin an gudder Stëmmung hunn mir eis als Aufgab gesat dës Froen an Gedankenweeër mat Humor an Eegenerfarung ze thematiséieren.
Show more...
Leisure
Episodes (20/53)
TankenTrio
#52 END OF AN ERA
Allerléiwsten an träisten Trankentrio Zuhörer*innen Mat schwéiren Häerzen muss ären lieblings Trio sech vun sengem Häerzensprojet trennen. Mir soen zwar “auf Wiederhören“ mee lo gett eis Tankentrio Dier zou gemach. An dëser Folge machen mir mat iech zesummen een Réckbléck iwwert eis Podcast Joeren, wéi mir gestart hunn, wou mir elo stinn an wou mir eis an 5 Joer gesinn. Mir soen net, dat mir nie mei remkommen, eventuell an engem neien Kapitel an eisem Liewen machen mir eis Dier nees op. Mat engem laachenden a kräischenden Aan verabschieden mir eis also an soen jidderengem den eis gelauschtert huet an suguer bis zum Schluss eis trei bliwwen ass een ganz groußen Merci! Ouni iech wier dat natierlech alles net esou méigleg gewiercht. Genéisst des läscht Folge an wen wees, villäit bis an 5 Joer. Macht et gudd, mir machen et besser Ären Tankentrio <3
Show more...
1 year ago
1 hour 21 minutes 35 seconds

TankenTrio
#51 Nennen ma se mol: Antwerpen
Den Tankentrio huet no 2 Méint erëm zesummefonnt, fir iech mol nees eng geschmackvoll Plauderrunde opzedëschen. Wéi ëmmer gëtt et rëm ee klengen Update vun eis all a ganz extra des Kéier souguer funny Stories iwwert een fail Citytrip. Donieft hu mir awer och mol missen Thema „Weltschmerz“ uschwätzen, well den eiser Meenung no zimmlech vill präsent ass, du bass also net eleng mat dem Gefill. Allerdéngs wiere mir jo net mir, wa mir net mat engem lëschtege Schluss géifen ophalen. Also lauschtert ran.  P.S. Den 9.06 sinn d‘Europawahlen, gitt wielen, a virun allem wielt richteg well all Stëmm zielt fir ee bessert Europa an eng besser Zukunft
Show more...
1 year ago
1 hour 17 minutes

TankenTrio
#50 Let's raise a final toast
Huelt eis et net beis, mee ären lieblings Trio huet iech puer News matzedeelen. Wann dir wessen wëllt wat lo mam Tankentrio leeft, dann schallt an, mir geifen eis driwwer freeën!
Show more...
1 year ago
1 hour 23 minutes 19 seconds

TankenTrio
#49 Dry January
Yuuhuuuu, eis Wanterpaus ass erëm riwwer, d‘Examen si geschriwwen an den Dry January ass och geschwënngepackt. Lauschtert ra fir d‘Fortsetzung vum Lea senger Handy-Story ze héieren eppes kenne mir verspriechen, déi ass nach net färdesch! Och ee ganz spannenden „Wousst du schonn“ hu mir rëm mat dobäi an d‘Kategorie Buh-Mënsch ass erweidert ginn. Ofschléissend war Thema Dry January um Dësch, wei war et bei iech, hutt der ärerLiewer 31 Deeg Paus ginn oder ass dat iwwerbewäert?
Show more...
1 year ago
1 hour 21 minutes 59 seconds

TankenTrio
#48 Merry Crisis
Merry Crisis everyone! Pünktlech fir d'himmlische Zeit kennt eng nei Folge vun eis raus, falls da vun de Familieniessen kuerz flüchte wëllt. Vum Vero sengem zukünftegen Mann, zum Waxing bis hin zu Christmas ass alles dobäi. Iwwregens, wat hält dir vun der traditioneller Bûche? Mir héiren eis am nächste Joer, Kussi.
Show more...
1 year ago
1 hour 10 minutes 56 seconds

TankenTrio
#47 Bumerang
Moin Moin, mir erzielen iwwert eis 11.11 Erliefnes a wat haut nach um Programm steet, ausser wat a bei eis an de leschte Woche lass war: rëm zur Ofwiesslung eng Buh-Fra an hire Karma, wisou Piloten eigentlech net dierfen dat selwecht iessen an ee klengen Abléck an d’Truecrime-Welt. Mee domat end eis Folge net, mee dir kritt och nach ee klengen Abléck op d’Crème de la crème: déi nei Regierung. Leent iech zerreck a genéisst et.
Show more...
2 years ago
1 hour 13 minutes 17 seconds

TankenTrio
#46 Pizza Wurstel
Moin, Servus, Buon Dia! Haut um Menü steet eng séiss Entrée nämlech Pizza Hawaii. Hutt der iech scho mol gefrot wisou déi sou heescht? D'Vero kläert op. Als Haaptgang steet eng gutt Portioun Opreegung iwwert de Buh-Mensch de gemengt huet dem Lea säin Handy ze klauen. Eisen Dessert huet leider ee bëssi méi batteren Nogoût. Et geet em de Verloscht vun enger Comedy Ikone, ganz genau de Matthew Perry alias Chandler Bing. Wei ëmmer dat ganzt mat enger extra Prise vun eisem Humor, also net verpassen!
Show more...
2 years ago
1 hour 11 minutes 42 seconds

TankenTrio
#45 Vun der Long op d'Zong
Wei den Titel et scho seet, huele mir an dëser Folge absolut kee Blat virun de Mond. Ganz judgy urteele mir iwwert eis Lëtzebuerger Gesellschaft, sief et eise Buh-Mënsch oder dat aktuellt Thema: d‘Walen. Sidd also prett fir eng ganz subjektiv an emotional geluede Folge, mir verspriechen iech, langweileg gëtt et iech op alle Fall net!
Show more...
2 years ago
1 hour 10 minutes 33 seconds

TankenTrio
#44 Lea alleine auf Sri Lanka
No 2 Méint, hu mir et rëm fäerdeg bruecht eis un Table Ronde ze setzen. Wéi ëmmer gitt dir vun eiser aktueller Liewenssituatioun geupdated. Sidd dir prett fir ee ganz onerwaarten Bumensch, dem Pippa säin Cadeau un d'Claire an dem Lea seng Solo Travel Exeprience?
Show more...
2 years ago
1 hour 23 minutes 58 seconds

TankenTrio
#43 Wohnzimmeratmosphäre
Mir fänken net laang un mat: We‘re back, well mir hunn et opginn,reegelméisseg rëm do ze sinn, d‘Liewen mëscht eis ëmmer rëm een Strëch duerch d'Rechnung! Dofir welcome an eiser neier Wohnzimmeratmosphäre, lost iech vun eisem Gebabbels verzauberen. Mir huelen iech mat op den Harry Styles Concert, op eisen Danzgala bis hin zur Eurovision. Zousätzlech kritt der nach e puer richteg gutt aner Podcast Tipps. Also net verpassen!
Show more...
2 years ago
1 hour 13 minutes 42 seconds

TankenTrio
#42 Mammendag ass net Thema vun der Folge
First things first: Happy Mama Dag!  Och wann se op Mammendag rauskënnt geet et an dëser Folge em ganz aner Saachen. Hues du schonn eemol Butterbier gedronk? Wat ass mam Vero sengem lieblings T-Shirt? Wisou vergiessen d‘Leit hautdesdaags Manéieren ze hunn an Héiflechkeet ze weisen? Wanns du Äntwerten ob déi Froen wëlls, dann muss de des Folge lauschteren. Zousätzlech feieren mir eng ganz spannend Diskussioun, déi mat der neier Verfilmung vum Arielle ze dinn huet. Diskutéiert mat, mir freeën eis iwwert all Feedback!
Show more...
2 years ago
1 hour 19 minutes 29 seconds

TankenTrio
#41 Syphilis Oder Physalis?
Eis 41. Folge fänkt natierlech rëm mat techneschen Problemer un, wat sidd da och soss vun ärem Trio gewinnt. Nodeems ma eis rëm gesammelt hunn zielen mir iech des Kéier iwwer eise Breissel Revival, en Ausflug an d‘Champagne an wei et ass plakeg an engem Pool e Cocktail ze drénken. Lauschtert bis eran wann dir dat an eis méi serieuxt Thema iwwer Geschlechtskrankheeten héieren wëllt. Enjoy!
Show more...
2 years ago
1 hour 28 minutes 7 seconds

TankenTrio
#40 Vun London iwwer Hamburg, direkt an d'Pensioun
Sidd dir och sou prett wéi mir fir an d’Pensioun? Schéin wier et, do mussen och mir nach e puer Joer op d’Zänn bäissen. Wisou stellen mir déi Fro? Ma ganz einfach an eiser neier Folge diskutéieren mir iwwert déi aktuell Situatioun an Frankräich. Niewent dësem méi serieuxen Thema, poteren mir awer och iwwert eis Erliefnisser an natierlech iwwert den Buh-Mënsch vun der Woch. Leent iech zréck an vill Spaass mat äiser neier Folge.
Show more...
2 years ago
1 hour 6 minutes 1 second

TankenTrio
#39 The New TankenTrio
Hallo hallo halloooooo! Ären lieblings Chaos-Trio ass endlech rëm do. Keng Suerg, dir kennt eis gleewen, deskeier ass et definitiv, zu 100%, Eescht gemengt. Dir gleeft eis net? Verständlech! Mee dofir beweisen mir iech dat. Wat mir lo an dëser Zäit sou gedriwwen hunn an weien Verännerungen lo am Podcast ustinn,gitt dir an dëser Folge gewuer. Also lauschtert eran fir um neisten Stand ze sinn!
Show more...
2 years ago
1 hour 2 minutes 8 seconds

TankenTrio
#38 Woman Life Freedom (ژن، ژیان، ئازادی)
Mir sinn erëm zeréck mat enger méi seriöer Folge. Wei den Titel schonn verréit, hunn mir déi aktuell Situatioun aus dem Iran opgegraff. Och wann déi ganz Protester schonn säit e puer Méint amgaangen sinn, war et eis ëmsou méi wichteg et elo awer nach ze thematiséieren, well genau dat een wichtegen Wee vun Ënnerstëtzung fir déi Leit do ass. Lauschtert also eran, mir diskutéieren zesummen iwwert den Ufank vun dem Ganzen, iwwert den momentanen Stand an wat mir perséinlech dovunner denken!
Show more...
2 years ago
48 minutes 43 seconds

TankenTrio
#37 Claire alleine auf Bali
MIR SINN NEES DOOOOO! Mir wëssen, mir hunn iech lang am Stach gelooss an kruten mat, dass mir vermësst ginn sinn. Mee keng Suerg, är dräi lieblings Girls sinn erëm zréck an suergen endlech rëm fir Entertainment. Dir frot iech awer lo sécher wisou et sou lang roueg war an wat mir iwwerhaapt sou gedriwwen hunn an der Zäit. Genau doriwwer klären mir iech op, bei jidderengem war vill lass an et goufen puer Verännerungen. Wann der wëssen wëllt wat also lass war, dann duerf der iech des Folge net entgoen loossen! Klengen Spoiler: Thema Solo Traveling spillt an dëser Folge och eng Roll.
Show more...
3 years ago
1 hour 35 minutes 5 seconds

TankenTrio
#36 Summer Edition
Du bass scho rëm aus denger Vakanz oder konnts dëst Joer Lëtzebuerg net verloossen? Du hues keng Ahnung weis de dësen Summer solls Zäit emkréien oder hues nach näischt geplangt déi nächst Weekender? Dann ass des Folge deng Rettung! Mir hunn eis mol ugekuckt wat am Summer 2022 zu Lëtzebuerg lass ass. Ganz vill verschidden Eventer wäerten stattfannen, vun Concerts, Festivals bis Duerffester ass alles dobäi!
Show more...
3 years ago
50 minutes 56 seconds

TankenTrio
#35 Surprise 2.1
Mir sinn rëm an eiser 7ter Reih ukomm an dir wësst wat dat heescht: Nei Surprise Folge! Des Kéier war et rëm un eisem Claire. Hat huet sech een klengt Spillchen fir eis iwerluescht, an dem et drëms geet e puer spannend Froen ze beäntweren. Also net verpassen!
Show more...
3 years ago
1 hour 21 minutes 53 seconds

TankenTrio
#34 WE ARE BACK
No ganzer 3 Méint sinn är lieblings Labertaschen erëm zréck. Aus deenen verschiddensten Grënn hunn mir eis déi Auszäit geholl an sinn dofir elo erëm méi fresh vir iech do. Wat mir déi ganz Zäit gedriwwen hunn an wat bei eis lass war fro der iech? Ma dat alles gitt dir an dëser Folge gewuer. Een klengen Hint: Thema Stress ass ganz stäerk present an den een oder aneren Tipp kennen mir iech och mat op den Wee ginn. Vill Spaass beim Lauschteren!
Show more...
3 years ago
1 hour 5 minutes 58 seconds

TankenTrio
#33 Däin secheren Hafen Part II
Kommen mir zu Part II vun verschidden Bezéiungsmodeller. Mir perséinlech kennen éischter dei monogam Bezéiungen mee wat gëtt et eigentlech nach esou? Wei funktionéieren z.B. polygam Bezéiungen? Kennen mir Leit déi esou liewen? An kennen mir eis virstellen och irgentwann net mei nëmmen monogam ze liewen? Lauschtert ran an entdeckt mat eis wat den Mënsch nach alles vun Liebesbezeihungen ze bidden huet!
Show more...
3 years ago
54 minutes 58 seconds

TankenTrio
TankenTrio de Podcast. An wat der Däiwel huet déi dräi geridden een Podcast ze starten? Ganz einfach: Aus enger Schnapsiddie ass schnell Realitéit ginn. Mir dräi beschäftegen eis mat Froen déi all jonken Erwuessenen sech stellt. Wat huet een bis elo scho alles erliewt an wat kennt nach alles op een duer? Mat engem Glas Wäin an gudder Stëmmung hunn mir eis als Aufgab gesat dës Froen an Gedankenweeër mat Humor an Eegenerfarung ze thematiséieren.