Home
Categories
EXPLORE
True Crime
Comedy
Society & Culture
Business
Sports
History
Music
About Us
Contact Us
Copyright
© 2024 PodJoint
00:00 / 00:00
Sign in

or

Don't have an account?
Sign up
Forgot password
https://is1-ssl.mzstatic.com/image/thumb/Podcasts221/v4/1f/e8/17/1fe8179c-7863-5f8b-49ec-1258b4cfde1d/mza_5973490334706582847.jpg/600x600bb.jpg
Wat lauschters du?
radio 100,7
50 episodes
1 day ago
Aktuell an nach ëmmer aktuell Podcasten aus Lëtzebuerg an den Nopeschlänner
Show more...
News
RSS
All content for Wat lauschters du? is the property of radio 100,7 and is served directly from their servers with no modification, redirects, or rehosting. The podcast is not affiliated with or endorsed by Podjoint in any way.
Aktuell an nach ëmmer aktuell Podcasten aus Lëtzebuerg an den Nopeschlänner
Show more...
News
Episodes (20/50)
Wat lauschters du?
Twenty Thousand Hertz
"Twenty Thousand Hertz" erkläert d’Geschichten an d’Geheimnisser hanner de bekanntste Kläng aus eiser Welt - vu Videospiller iwwer Filmer bis hin zu alldeegleche Geräischer. De Podcast vum Dallas Taylor ass héichwäerteg produzéiert a féiert den Nolauschterer duerch spannend akustesch Erfarungen.
Show more...
1 week ago
7 minutes

Wat lauschters du?
"Hotel Matze"
Zenter 2016 féiert de Matze Hielscher a sengem Podcast, dem “Hotel Matze”, laang, déifgräifend an éierlech Gespréicher an enger roueger an intimer Atmosphär. Zu Gaascht si ganz bekannten a méi onbekannte Perséinlechkeeten aus Kultur, Politik, Medien a Gesellschaft.
Show more...
2 weeks ago
8 minutes

Wat lauschters du?
REALITY - Ein TV-Skandal
An der 6-deeleger Mini-Serie "REALITY - Ein TV-Skandal" geet et ëm ee vun de gréissten TV-Skandaler an der brittescher Fernseegeschicht an ëm d’Schicksal an d’Liewe vun der Protagonistin vun der Reality-TV-Sendung “There’s Something About Miriam“, der Miriam Rivera.
Show more...
3 weeks ago
8 minutes

Wat lauschters du?
Lëtz Mind Up
De Podcast vun der Sandrine Gashonga, enger bekannter antirassistescher an dekolonialer Aktivistin zu Lëtzebuerg. Si gëtt an dësem Podcast hir Aschätzung zur der antirassistescher Beweegung zu Lëtzebuerg, erkläert verschidde Konzepter a gëtt och Iddie wéi et kéint anescht goen.
Show more...
4 weeks ago
6 minutes

Wat lauschters du?
J'ai peur, donc j'y vais
De Podcast vun der Life Coach Stef Bluelips gëtt Rotschléi an Tools un d’Hand, fir säi Liewen nei ze uerden, ze organiséieren a Verännerungen unzestoussen. Besonnesche Fokus gëtt op d’berufflech Weiderentwécklung geluecht. E Podcast, dee Courage soll maachen.
Show more...
1 month ago
7 minutes

Wat lauschters du?
NDA: Die Akte Kasia Lenhardt
An 6 Episode gëtt an dësem Podcast d’Geschicht vum Model Kasia Lenhardt an dem Fussballer Jérôme Boateng erzielt. Et geet ëm Virwërf vu partnerschaftlecher Gewalt an d’Roll vun de Medien. Produzéiert vum SPIEGEL a recherchéiert vun de Journalistinnen Nora Gantenbrink a Maike Backhaus.
Show more...
1 month ago
9 minutes

Wat lauschters du?
"Männerleben" an "The Evolving Man"
2 Podcasten, déi sech mat moderner Männlechkeet an eiser Gesellschaft beschäftegen. "Männerleben" ass en däitsche Podcast mam Carlson El Murtadi an “The Evolving Man” ass en engleschsproochege Podcast mam Ben Goresky.
Show more...
1 month ago
7 minutes

Wat lauschters du?
SauerBeen-Podcast
De Podcast vum SauerBeen-Lafgrupp. Zu den Hosts gehéieren d’Vera Hoffmann, de Val Weicherding an den Tom Winbomont. Si ginn e perséinlechen Abléck an hiren Training, beschwätze Competitiounen a wat nach soss esou leeft.
Show more...
1 month ago
7 minutes

Wat lauschters du?
"Endlech" - De Podcast vum Trauerwee
Den Trauerwee begleet Kanner a Famillen an Trauer. An hirem Podcast gräife si Theeme ronderëm den Doud an Trauer op a ginn och Tippen, wéi een domadder ëmgoe kann.
Show more...
2 months ago
5 minutes

Wat lauschters du?
Déi gutt Mod
D’Melody Hansen, Chefredactrice an d’Lynn Warken, Managing Director vum Lëtzebuerger Journal leede zesummen dëst Lëtzebuerger Medium. Si schwätzen iwwert hiren Alldag an enger Féierungspositioun, hir Erkentnisser, Beobachtungen an d’Aktualitéit am Betrib.
Show more...
2 months ago
8 minutes

Wat lauschters du?
Am Bistro mat der woxx
All Freide stellt d’Wochenzeitung woxx hiert Thema vun der Woch vir. Desbeschwätzt den zoustännege Journalist oder déi zoustänneg Journalistin matenger Redaktiounskolleegin oder engem Redaktiounskolleeg.
Show more...
2 months ago
5 minutes

Wat lauschters du?
Lëtzmeditate
14 guidéiert Meditatiounen op Lëtzebuergesch, ageschwat vun der Aline Nowacki, der Rosanna Pacchioli an dem Mathieu Nowacki.
Show more...
2 months ago
5 minutes

Wat lauschters du?
"On the Record“
All Freideg invitéiert d’Redaktioun vu Reporter.lu an d’Kulisse vun hirer journalistescher Aarbecht a liwwert an dësem Podcast Hannergrënn zu engem aktuelle Sujet.
Show more...
3 months ago
6 minutes

Wat lauschters du?
Das Lederhosen Kartell
A siwen Episode versicht de Journalist a Rikschachauffer Alexander Gutsfeld de Phänomeen Oktoberfest historesch an aktuell ze beliichten an aus verschiddene Perspektiven ze analyséieren. Wéi huet sech dëst Fest verännert, wat ass dat legendäert Käferzelt a firwat ginn um hallwer 11 d’Luuchten an den Zelter aus?
Show more...
3 months ago
5 minutes

Wat lauschters du?
Talking Bodies
E Wëssenschaftspodcast vun der Dr. Jana Bressem vun der TU Chemnitz an der Dr. Silva Ladewig vun der Europa-Universität Frankfurt Oder, deen an 48 Episoden tëschent November 2021 a Mäerz 2024 gelaf ass. Déi zwou Wëssenschaftlerinne beschäftegen sech hei mat alle Froe ronderëm déi verbal an non-verbal Kommunikatioun.
Show more...
3 months ago
6 minutes

Wat lauschters du?
Ein Mensch verschwindet - Daniel Küblböck
Den Daniel Küblböck, dee sech kuerz virdrun als transgender geout huet a Lana Kaiser wollt genannt ginn, verschwënnt den 9. September vun der AIDAluna um Wee fir op New York a gëtt 2021 fir dout erkläert. An engem 10-deelege Podcast an der App Podimo geet den Tom Ehrhardt ville Froen no, fir dësen extreem mediatiséierte Personnage besser verstoen ze kënnen, ouni en ze verurteelen oder ze bewäerten.
Show more...
3 months ago
13 minutes

Wat lauschters du?
Dispensé·e·s
E franséischsproochege Podcast vum Quentin Chanut-Chaize, deen de Froe vum Gender a Sport nogeet.
Show more...
6 months ago
5 minutes

Wat lauschters du?
Verboten gut - Wie Frauen den Fußball erobern
E 6-deelege Storytelling-Podcast vum Fussballmagasinn Kicker iwwer d’Entwécklung vum Fussball vun de Fraen an de leschten 100 Joer an Däitschland.
Show more...
6 months ago
8 minutes

Wat lauschters du?
Ulle und Rick
De Jan Ullrich an de Rick Zabel, Jong vum Sprinter Erik Zabel, hunn zënter Mee 2025 e gemeinsame Vëlopodcast. Hei schwätze si humorvoll a kompetent iwwer Vëloscourssen an iwwer de Profivëlossport allgemeng.
Show more...
6 months ago
8 minutes

Wat lauschters du?
It’s Reigning Men
Op der Welt ginn et aktuell 40 Monarchien an dovunner gëtt aktuell keng vun enger Fra ugeféiert. An dësem englesche Podcast vum Daniel Rosney ginn déi kinneklech Famillen a Monarchië virgestallt an hir aktuell politesch Roll an de jeeweilege Gesellschafte mat Experten an Expertinne beschwat. Och de Grand-Duc Henri war schonn Theema vun enger Episod.
Show more...
6 months ago
10 minutes

Wat lauschters du?
Aktuell an nach ëmmer aktuell Podcasten aus Lëtzebuerg an den Nopeschlänner